
D'USA huet och um Mëttwoch eng weider Well vun Attacken op den Iran lancéiert. Wéi den Zentralkommando vum amerikanesche Militär matdeelt, hätt den Ugrëff siwe Stonne gedauert. Dosenden iranesch Ziler wiere getraff ginn, dorënner Rakéiten- an Drone-Basen, Schëffer a Verdeedegungssystemer laanscht d'Küst. Zanter en Dënschdegowend blockéiert d'amerikanesch Navy dann och nees d'iranesch Häfen.
Vun den iranesche Revolutiounsgarden heescht et iwwerdeems, dass d'Strooss vun Hormus wäert zoubleiwen bis "d'Akte vun Aggressioun" säitens den USA géingen ophalen. Donieft hunn d'Revolutiounsgarden och gewarnt, dass och weider Export-Route fir Pëtrol a Gas kéinte blockéiert ginn.
Den US-President Donald Trump mécht iwwerdeems och verbal Drock op den Iran. Nächst Woch géifen all d'Kraaftwierker a Brécken am Land zerstéiert ginn, wann Theren net zeréck un de Verhandlungsdësch kéim.