A Frankräich an Untersuchungshaft79 Joer ale Fransous huet 89 Jugendlecher mëssbraucht, an dat an e puer Länner

AFP, iwwersat vun RTL
Joerzéngtelaang huet en 79 Joer ale Mann am Ganzen 89 Jugendlecher mëssbraucht, dorënner Mannerjäreger an Däitschland. Hien huet donieft seng Mamm a seng Tatta ëmbruecht.
Vum Beschëllegte ginn et sëllege Biller, wéi hien an den eenzele Joren ausgesinn huet.
Vum Beschëllegte ginn et sëllege Biller, wéi hien an den eenzele Joren ausgesinn huet.
© HANDOUT/AFP

Wéi de Parquet vu Grenoble en Dënschdeg matgedeelt huet, soll en haut 79 Joer ale Mann an e puer Länner an dat iwwer Joerzéngte Jugendlecher mëssbraucht hunn. Et soll net just Affer an Däitschland an an der Schwäiz ginn, mä och op de Philippinnen, Marokko, Niger, Algerien, Kolumbien, Neikaledonien an an Indien. An deene Länner hat de presuméierten Täter als Pedagog geschafft.

De Mann sëtzt schonn zanter 2024 an Untersuchungshaft. Déi genee Zuel vu Mëssbrauchsaffer geet aus enger Lëscht ervir, déi Ermëttler op engem USB-Stick beim Beschëllegte fonnt haten. Déi Jugendlech waren all tëscht 13 a 17 Joer al. D’Dote sinn an de Joren tëscht 1967 an 2022 geschitt.

Wärend den Ermëttlungen hat de Mann dunn och nach zouginn, seng kriibskrank Mamm, déi deen Ament am Endstadium vun hirer Krankheet war, a seng 92 Joer al Tatta ëmbruecht ze hunn. Hien hätt béid Frae mat Hëllef vun engem Këssen erstéckt. Seng Mamm an de 70er Joren, d’Tatta an de 90er.

Am Kader vun den Ermëttlunge gouf en Zeienopruff lancéiert.

Back to Top
CIM LOGO