Vu Mënsch zu Mësch iwwerdrobarPuppelchen zu Berlin no Infektioun mat Meningokokke gestuerwen - zweet Kand ugestach

AFP, iwwersat vun RTL
Zu Berlin ass e Puppelche vun dräi Méint un de Suitte vun enger Infektioun mat Meningokokke gestuerwen.
In Berlin ist ein Säugling an den Folgen einer Infektion mit Meningokokken gestorben. Das rund drei Monate alte Baby wurde am 24. Januar mit Hautausschlag und Bewusstseinstrübung in die Rettungsstelle einer Klinik gebracht.
In Berlin ist ein Säugling an den Folgen einer Infektion mit Meningokokken gestorben. Das rund drei Monate alte Baby wurde am 24. Januar mit Hautausschlag und Bewusstseinstrübung in die Rettungsstelle einer Klinik gebracht.
© AFP/Archiv

De 24. Januar war d’Kand vu ronn 3 Méint mat engem Hautausschlag an desorientéiert an d’Urgence ageliwwert ginn, sou d’Berliner Landesamt für Gesundheit und Soziales (Lageso). Doraus huet sech e Waterhouse-Friedrichsen-Syndrom entwéckelt, dat heescht eng besonnesch schwéier Form vun engem septesche Schock. De Puppelchen ass kuerz drop verscheet.

Nëmmen e puer Deeg méi spéit ass e Kand vun 3 Joer, dat mam Puppelche Famill ass an och en enke Kontakt zu em hat, krank ginn. Dat Kand huet spéider misse wéinst enger Méningite op der Intensivstatioun behandelt ginn. Dem Legaso no huet sech den Zoustand vum Kand stabiliséiert. Aner Familljemembere souwéi Kontaktpersoune goufe vum zoustännege Gesondheetsministère informéiert a mat enger sougenannter Chemoprophylax versuergt.

Meningokokke si Bakterien, déi schwéier an a seelene Fäll liewensgeféierlech Erkrankunge wéi Hirnhautentzündung oder Sepsis verursaache kënnen. Den Erreeger gëtt duerch enke Kontakt vu Mënsch zu Mënsch iwwerdroen. Zum Beispill iwwer Spaut an Nuesesekreet , also wann een houscht oder néitscht. Zanter 2025 recommandéiert déi Stänneg Impfkommissioun eng Impfung géint Meningokokke vun der Serogrupp B vu Puppelcher an engem Alter vun 2 Méint un. Weider Impfunge sollen am Alter vun 2, 4 an 12 Méint gemaach ginn. Donieft sollen Impf-Rappeller gemaach gi bis e Kand 5 Joer al ass.

Back to Top
CIM LOGO