
Am neie Welt-Antikorruptiounsindex fir d’Joer 2025 vun der ONG “Transparency International” kënnt Lëtzebuerg mat engem Score vun 78 vun 100 méigleche Punkten, zesumme mat Holland, op déi 8. Plaz. Am Index vum Joer 2025 louch de Grand-Duché mat 81 Punkten nach op der 5. Plaz. Dee beschte Score krut Lëtzebuerg am Joer 2015 mat 85 Punkten.
Als dat am mannste korrupt Land op der Welt gëllt op en Neits Dänemark mat engem Score vun 89 Punkten. Op déi gedeelte leschte Plaz komme mat jeeweils 9 Punkten de Südsudan a Somalia.
“Transparency International” no géif aus dem Antikorruptiounsindex fir d’Joer 2025 ervirgoen, dass d’Korruptioun an allen Deeler vun der Welt eng Erausfuerderung géif bleiwen. Et géifen awer limitéiert Unzeeche vu Fortschrëtt ginn. Dass et op ville Plazen uechter d’Welt zu regierungskritesche Protester kéim, géif weisen, dass d’Leit es sat hätten, dass d’Regierunge fir hiert Verhale keng Konsequenze misste fäerten, an dass Reforme verlaangt ginn.
Wärend den Niveau vun der Korruptioun zanter 2012 an 31 Länner däitlech zeréckgaangen ass, géif de Rescht vun de Länner de Probleem net decisiv genuch ugoen, sou “Transparency International”. Hire Korruptiounsscore wier iwwer d’Jore konstant bliwwen oder hätt sech verschlechtert. De globalen Duerchnëttsscore läit am aktuellen Index bei 42 an domat esou niddereg ewéi nach ni.
Iwwerdeems hätt sech d’Situatioun iwwert déi lescht Joren och an etabléierten Demokratien ewéi den USA, Groussbritannien oder Neiséiland verschlechtert. De Mangel u globale Féierungsfiguren a Saache Korruptiounsbekämpfung géif dozou féieren, dass d’Ambitiounen, fir géint d’Korruptioun ze kämpfen, weltwäit zeréckginn. Iwwerdeems kéinten och Länner mat enger bannepolitesch niddreger Korruptioun zur Hausse vun der weltwäiter Korruptioun bäidroen, besonnesch, wa si dobäi géifen hëllefen, Suen, déi aus Korruptioun stamen, wäisszewäschen.
Och wann den Niveau vun der Korruptioun weltwäit geklomme wier, kéint een “Transparency International” no a bal alle Regioune vun der Welt och op Erfolleger verweisen.
An der Asie-Pazifik-Regioun hätten aacht Länner hire Score zanter 2012 verbessert. Allerdéngs géifen et an dëser Regioun grouss Ënnerscheeder ginn, wat den Niveau vun der Korruptioun betrëfft. Dacks géifen Elitte mat gudde Kontakter sech politeschen Afloss kafen.
An Nord- a Südamerika wier d’Demokratie iwwert d’Jore geschwächt ginn, well d’Regierungen dacks näischt géint Korruptioun gemaach hätten. Dat hätt et der organiséierter Kriminalitéit erlaabt, ze wuessen, wat en negativen Impakt op d’Sécherheet an d’Mënscherechter hätt.
Besonnesch staark ausgepräägt wier d’Korruptioun iwwerdeems an Osteuropa an an Zentral-Asien. Am subsahareschen Afrika géife schwaach Demokratien - deelweis zesumme mat arméierte Konflikter, Onsécherheet a sozialen Onrouen - d’ekonomesch Stabilitéit an Entwécklung behënneren.
Vun den zéng Länner mat der nidderegster Korruptioun leien der néng a Westeuropa. Allerdéngs hätten d’Efforten, fir géint d’Korruptioun ze kämpfen, och hei an de leschte Jore stagnéiert. Den duerchschnëttleche Score vun der Regioun wier esou séier gefall ewéi dee vu kenger anerer weltwäit.