
Den ukrainesche President Selenskyj huet annoncéiert, dass Proprietäre vun Haiser e Subside solle kréien, fir e Stroumgenerator ze kafen. Och aner Sourcë vun Energie solle méi abordabel ginn: Haaptsaach si funktionéieren autonom.
D’russesch Arméi huet et op déi ukrainesch Energieversuergung ofgesinn. Och de Stroumreseau an der Ukrain ass op ville Plaze gestéiert. An engem Videomessage un d’Populatioun, no enger Entrevue mat der Regierungscheffin Julija Swyrydenko, huet de Selenskyj déi staatlech Aiden annoncéiert. Proprietäre vu Residencen a vun Eefamilljenhaiser sinn eligibel. Kreditter an der Héicht vun 10 Milliounen Euro, ouni Zënsen, si virgesinn. Ob dat duergoe wäert, muss ee bezweiwelen. Eleng an der ukrainescher Haaptstad Kiew sinn 1.100 Wunnbléck ouni Heizung a quasi ouni Stroum och.