
D’australesch Police huet un d’Kidnapper vun engem 85 Joer ale Mann appelléiert, deen anscheinend wéinst enger Verwiesslung entfouert gouf. De Chris Baghsarian wier op Medikamenter ugewisen a muss esou séier wéi méiglech fräigelooss ginn, sou de lokale Policechef Andrew Marks e Méindeg viru Journalisten.
Dräi Männer waren e Freideg de Moie fréi an d’Wunneng vum Baghsarian zu Sydney agedrongen an haten hien entfouert. Den Ermëttlungen no wollten d’Kidnapper allerdéngs eigentlech e Mann entféieren, deen a Verbindung mat engem kriminelle Reseau steet, wéi de Sender ABC bericht.
De Baghsarian hätt keng Verbindung mat der Ënnerwelt, huet de Policechef Marks ënnerstrach: “Ech sinn honnertprozenteg sécher, datt si déi falsch Persoun hunn.”
Bei senger Entféierung hat de 85 Joer ale Mann e groe Pyjama an e rout-gréngt Hiem un. Seng Famill ass a grousser Suerg ëm hien.
Medieberichter no wier ënnert Kriminellen zu Sydney Fotoen a Videoen am Ëmlaf, déi de Baghsarian mat schwéiere Blessure weisen.