Global Sumud FlotillaAm Fréijoer soll nees eng Flott a Richtung Gaza seegelen

Gaël Arellano
RTL Infos iwwersat vun RTL.lu
Raphaëlle Dickes
Marc Hoscheid
Déi Kéier sollen op d'mannst 100 Schëffer mat seegelen, mat am ganzen 3.000 Persounen, dorënner och fënnef Lëtzebuerger Residenten.
Global Sumud Flotilla: Am Fréijoer soll nees eng Flott a Richtung Gaza seegelen
Déi Kéier sollen op d’mannst 100 Schëffer mat seegelen, mat am ganzen 3.000 Persounen, dorënner och fënnef Lëtzebuerger Residenten.

En Donneschdeg hat d’Lëtzebuerger Sektioun vum “Global Movement to Gaza” op eng Pressekonferenz invitéiert a profitéiert, fir en Opruff fir Benevollen a Spenden ze maachen.

Nom Echec vun der Global Sumud Flotilla d’leschte Summer soll am Fréijoer eng nei Flott mat Hëllefsgidder an d’Gazasträif geschéckt ginn. Déi Kéier sollen op d’mannst 100 Schëffer mat seegelen, mat am ganzen 3.000 Persounen, dorënner och fënnef Lëtzebuerger Residenten. Dernieft sollen och iwwer Land Hëllefsgidder, medezinescht Personal a Material bei d’Mënschen an d’Gazasträif bruecht ginn.

Déi international Situatioun hätt geännert, et géif ee Waffestëllstand, deemno dierft een u sech net ofgefaangen a gestoppt ginn, mengt de Patrick Bosch, President vu “Global Movement to Gaza in Luxembourg”.

D’Lëtzebuerger Aktivistin Nora Fellens-Huberty war jo zejoert op engem vun de Booter vun den israeeleschen Autoritéiten ofgefaangen a kuerz Zäit festgehale ginn.

Back to Top
CIM LOGO