
De presuméierten Täter vum Terrorugrëff op Bondi Beach an Australien ass eng éischte Kéier per Video-Iwwerdroung viru Geriicht opgetrueden. De wéinst Terrorismus a Mord a 15 Fäll ugekloten Naveed Akram ass australesche Medieberichter no ronn fënnef Minutten zougeschalt gewiescht an huet sech wärend der Sëtzung bal net geäussert.
Bei dësem éischte Rendez-vous ass et virun allem ëm technesch Froe gaangen, sou zum Beispill ëm d’Verlängerung vun der Geheimhaltung vun der Identitéit vun e puer Affer. Virum Geriicht zu Sydney sot dem Akram säin Affekot, säi Mandant géif ënner “ganz beschwéierleche Konditiounen” festgehale ginn, esou den australesche Sender ABC. Et wier och nach ze fréi, fir ze soen, ob den Akram sech schëlleg bekenne géif.
De 14. Dezember haten den Naveed Akram a säi Papp Sajid Akram wärend enger Hanukkah-Zeremonie op Leit op der beléifter Plage Bondi Beach geschoss. 15 Persoune sinn dobäi ëm d’Liewe komm, Dosende sinn der blesséiert ginn.
D’australesch Autoritéite stufen d’Dot als antisemitteschen Ugrëff an. Si ginn dovun aus, datt déi zwee Täter vun der Ideologie vum Islamesche Staat beaflosst waren.
Den 9. Mäerz muss den Ugekloten als nächst viru Geriicht.