Wéinst heftegen Turbulenzen huet e Fliger vun der Malaysia Airlines mat 224 Passagéier u Bord an Australien mussen tëschelanden.

D'Maschinn vun der malaysescher Fluchgesellschaft war um Wee vu Sydney op Kuala Lumpur zolidd duerchgerëselt ginn.

D'Malaysia Airlines war an de leschte Joren ëmmer nees an d'Schlagzeile geroden. Am Mäerz 2014 war de Vol MH370 op eemol vum Radar verschwonnen. Bis haut ass net gewosst, wat mat deenen 239 Passagéier an dem Equipage geschitt ass.