Zejoert sinn 1,6 Millioune Leit un Tuberkulos gestuerwen, sou d'WHO an hirem Joresrapport.

Am Verglach, un de Suitte vun Aids sinn dat selwecht Joer ronn 940.000 Persoune verscheet.

Mat Antibiotik ass Tuberkulos ze heelen, ouni Behandlung ka se déidlech verlafen. D'Weltgesondheetsorganisatioun geet vun 10 Millioune Leit aus, déi sech 2017 weltwäit infizéiert hunn. Offiziell si bei der WHO awer nëmme 6,4 Millioune Fäll registréiert. Vill Fäll ginn dacks net gemellt, oder et gëtt déi falsch Diagnose gestallt.