De Sebastião Ribeiro Salgado a seng Fra hunn aus enger verdréchenter brasilianescher Regioun een neie Bësch a Liewensraum fir Déiere geplanzt.

D'Mënschen zerstéieren net nëmme Gebidder, si kënne verdréchent Plazen och erëm nei beplanzen. Esou wéi de weltbekannte Fotograf Sebastião Ribeiro Salgado dat gemaach huet.

Nodeems de Fotojournalist no 30 Joer a Südafrika, wou hien de Rwanda Genozid dokumentéiert hat, erëm a seng Heemescht komm ass, war hie vun den Ëmstänn schockéiert. Eigentlech sollt hien d'Famillje-Ranch iwwerhuelen, déi hien nach als liewege Reebësch an Erënnerung hat, mä vun deem Gebitt, wou sech dës Ranch géif befannen, war bal näischt méi do. Nëmmen nach 0,5% vun der ganzer Grondfläch ware mat Beem bedeckt.

RTL

© Instituto Terra/Facebook

D'Iddi, fir neit Liewen an de Buedem ze bréngen an ee frësche Bësch ze planzen, koum vum Salgado senger Fra. Zesummen hu si 4 Joer méi spéit d'Instituto Terra gegrënnt, eng Ëmweltorganisatioun, déi sech fir nohalteg Entwécklung um "Roce"-Floss asetzt.

Mat der Hëllef vum Instituto Terra-Team huet d'Koppel du lues awer sécher déi 1.754 Hektar Bësch an de Regioun a Minas Gerais erëm ugeplanzt. Elo gëllt d'Gebitt als privat Naturschutzgebitt an ass Heemescht fir honnerte vun Déieren, déi virum Ausstierwe stinn. 293 Zorte Beem a Planze stinn an dësem neie Gebitt. Net nëmmen d'Land huet erëm Bewunner, och d'Waasser ronderëm kann nees eng Rei Fësch zielen.

déier 1

déier 2

déier 3

planz 1

planz 2