All Minutt stierwe weltwäit 5 Mënschen

© AFP (Archiv)
Dovunner geet d'Weltgesondheetsorganisatioun aus, an organiséiert dofir de 17. September fir déi éischte Kéier den Dag vun der Patientegesondheet.
All Minutt stierwe wéinst enger falscher medezinescher Behandlung 5 Mënsche weltwäit. Fir op dës Zuel opmierksam ze maachen, organiséiert d'Weltgesondheetsorganisatioun de 17. September fir déi éischte Kéier den Dag vun der Patientegesondheet. An deem Kader gi weltwäit Monumenter, wéi zum Beispill d'Pyramiden an Egypten oder och nach d'Waasserfontän zu Genf, orange beliicht.
40 Prozent vun de Patienten hätte bei enger ambulanter Behandlung Schued gelidden, an de Spideeler wieren et ëmmerhin nach 10 Prozent gewiescht. An 150 Länner, wou d'Gehalt niddereg bezéiungsweis am Mëttelfeld läit, wieren 2,6 Millioune Mënschen ëm d'Liewe komm.