Wie sech net un d'Gesetz hält a weiderhin E-Zigarette produzéiert, importéiert oder exportéiert, muss mat enger Geld- oder Prisongsstrof rechnen.

Dat huet déi indesch Finanzministesch Nirmala Sitharaman de Mëttwoch matgedeelt. Widderhuelungstäter kënne mat bis zu 3 Joer Prisong bestrooft ginn.

Dës Moossnam wier eng Reaktioun op déi schiedlech Konsequenze vum Konsum vun E-Zigaretten, sou d'Politikerin. D'Regierung erhofft sech mat dëser Mesure, dass sech déi "allgemeng Gesondheet" am Land verbessert.

Nieft Indien hunn och schonn aner Géigenden op d'Gefor reagéiert, déi vum "Vapen" ausgeet. Den Dënschdeg goufen zu New York E-Zigarette mat Aromastoffer verbueden. Betraff sinn awer net déi mat Tubak- a Mentholgeschmaach. Et ass net ze verleegnen, dass d'Hiersteller "bewosst Aromae wéi Knätsch, Zockerwatt oder Captain Crunch benotzen, fir jonk Mënsche süchteg ze maachen", erkläert de Gouverneur Andrew Cuomo. 6 Leit wiere schonn un de Suitte gestuerwen, iwwer 450 Mënsche sinn duerch de Konsum krank ginn, dorënner och vill Jonker.