Et ass bis ewell nach net kloer, wéi eng Substanze fir d'Longekrankheete responsabel sinn.

Wéi déi zoustänneg Autoritéite bekannt ginn hunn, wiere bei 530 Persoune Longeproblemer opgetrueden. Do virdru war vu ronn 450 méiglechen Krankheetsfäll an 33 Bundesstaate Rieds gaangen. Bis ewell si siwe Persounen un de Suitte vum Konsum vun E-Zigarette gestuerwen. Méi wéi d'Halschent vun de Betraffene si méi jonk wéi 25 Joer. Dräi Véierel vun de Kranke si Männer. 16% vun de Betraffene sinn ënner 18 Joer als. Déi amerikanesch Autoritéite warnen d'Konsumenten virum Gebrauch vun dësen Zigaretten wéinst méigleche Schied un de Longen. Et ass bis ewell awer net kloer wéi eng Substanze fir d'Longekrankheeten responsabel sinn.

An Däitschland ass d'Demande no elektreschen Zigaretten op en neits däitlech geklommen. Wéi d'Federatioun vun den Händler vun E-Zigaretten matdeelt, géifen dëst Joer, Estimatiounen no, ëm déi 600 bis 650 Milliounen Euro era kommen. Dat wier ee Plus vu bis zu 25% am Verglach mat 2018. D'Demande no E-Zigaretten ass an Däitschland schonn zanter e puer Joer am Gaangen däitlech ze wuessen.