E klenge Schratt fir de Patient, e grousse Schratt fir d'Medezin. Esou léisst sech déi nei Exoskelett-Technologie am beschte beschreiwen.

Dass Mënschen eleng mat hire Gedanken e Roboter an e Computer steieren, huet sech virun e puer Joer nach no Science-Fiction unhéieren. Mëttlerweil ass aus der Visioun Realitéit ginn.

Den Thibault, en 28 Joer ale Mann vu Lyon, huet déi éischt Versioun vum sougenannten Exoskelett getest a konnt fir eng éischte Kéier no senger Queeschschnëttslämung nees goen. Et hätt sech ugefillt, wéi den éischte Mann um Mound ze sinn. No enger schroer Chutte viru 4 Joer, konnt de Fransous deemno eleng mat Hëllef vu senge Gedanken de motoriséierte Kostüm beweegen. Eng Première fir déi franséisch Chercheuren.

"Esou Leit wéi mir, gëtt den Exoskelett Hoffnung: Et gi Méiglechkeeten, och wann een e groussen Handicap huet", sou den Thibault, Testpersoun fir Clinatec an der Universitéit vu Grenoble.

10 Joer Aarbecht stiechen am Prototyp, bei deem 64 Elektroden am Gehir déi néideg Impulser ginn an dës Signaler un de Motor weiderleeden. An anere Wierder, fokusséiert sech de Patient gedanklech drop e Been ze beweegen, zeechnen d'Implantater d'Signaler op, gi se un de Computer-Algorithmus weider an d'Informatioun gëtt als motoresche Befeel ëmgesat.

Wéi d'Fuerscher an der Fachzeitung "The Lancet Neurology" mellen, kann de Patient op dës Manéier no vill Training an un den Exoskelett ugeschnallt, d'Aërm an d'Been nees beweegen. De Moment hänkt den Exoskelett zousätzlech nach un enger Fixatioun um Plafong, fir de Risk ze minimiséieren, dass d'Testpersoun no vir fält. Dat bedeit awer och, dass de Roboter nach net prett ass, fir baussent dem Labo ze funktionéieren.

D'Technologie soll nach weiderentwéckelt ginn, et wier een nach ze limitéiert an der Dateniwwerdroung, déi vum Gehir un d'Maschinn gesent ginn, fir den Exoskelett an Echtzäit ze beweegen. Vun de 64 Elektrode sinn der och just 32 am Gebrauch, deemno ass nach Potential do, fir d'Gehir ze liesen, respektiv e méi staarke Computer ze benotzen. Donieft bestinn och scho Pläng an Zukunft d'Fangeren ze kontrolléieren an d'Méiglechkeet, dass de Patient Objeten oprafe kann a beweegen.