Och wann deemools vill Länner an Hëllefsorganisatiounen op der Plaz versicht hunn ze hëllefen, gouf villes bis haut nach net an d'Rei gemaach.

10 Joer nom trageschen Äerdbiewen huet sech Haiti nach ëmmer net vun der Naturkatastroph erholl. Korruptioun, Chaos an Hoffnungslosegkeet stinn nach ëmmer am Zentrum vum Land.

Den 12. Januar 2010 waren 220.000 Persounen am Karibikstaat ëm d'Liewe komm, vill Mënsche goufe vu Stécker vu Gebaier getraff, déi net konform gebaut waren. Schoulen, Universitéiten, Spideeler an souguer de Presidentepalais goufen zerstéiert. Dausende Leit sinn un enger Cholera-Epidemie gestuerwen. 300.000 Persoune goufe blesséiert, 1,2 Milliounen haten den Daach iwwert dem Kapp verluer.

Obwuel deemools vill Länner an Hëllefsorganisatiounen op der Plaz waren, fir ze hëllefen, feelt et haut nach ëmmer un allem: Un Infrastrukturen, Medikamenter a Bluttspenden. Et wier een och 10 Joer méi spéit op international Ënnerstëtzung ugewisen. De Gesondheetssystem stéing virum Kollaps, warnen "Médecins sans Frontières".

Dobäi kënnt, datt am Land zanter 2018 Onroue sinn, well de President Moïse Suen, déi fir den Erëmopbau geduecht waren, verontreit soll hunn. De PIB soll ëm 1,2 Prozent zeréckgaange sinn, esou den internationale Wärungsfong.