Zu Bréissel ass zanter e Méindeg de Prozess géint de belschen Drogeboss Flor Bressers lancéiert.

Hie gouf 2022 an der Schwäiz festgeholl an huet do zu engem vun de meeschtgesichte Kriminellen an Europa gezielt.

Dem 39 Jore ale Bressers a ronn 30 vu senge Komplize kréie reprochéiert, en Netzwierk opgebaut a riseg Quantitéite Kokain aus Südamerika an Europa geschmuggelt ze hunn. D'Ermëttlungen haten 2020 ugefaangen, nodeems 3,2 Tonne Kokain am Hafe vu Rotterdam séchergestallt goufen. D'Droge waren a Brasilien verschëfft ginn. D'Wuer war fir eng belsch Firma zu Antwerpen geduecht, déi op Waasseropbereedung spezialiséiert ass, awer schonn am Verdacht stoung, vun Drogenhändler als Tarnung benotzt ze ginn.

De Belsch Flor Bressers an de Brasilianer Sergio De Carvalho gëllen als déi wichtegst Käpp am Drogenhandelnetzwierk. De Bressers gouf wéi gesot am Februar 2022 an der Schwäiz festgeholl an am Hierscht dat selwecht Joer un d'Belsch ausgeliwwert. De Carvalho gouf 2023 an Ungarn gepëtzt. Hiert kriminellt Netzwierk gëtt verdächtegt, an de Joren 2019 an 2020 e puer Dosen Tonne Kokain an Europa bruecht ze hunn.

De Prozess soll e puer Wochen daueren. D'Strofgeriicht vu Bruge befaasst sech mam Fall, huet de Prozess aus Sécherheetsgrënn awer op Bréissel an de fréiere Sëtz vun der Nato verleeë gelooss.