CDU weider stäerkst Kraaft virun SPD, AfD verdräifacht Resultat

© HENNING KAISER / DPA / dpa Picture-Alliance via AFP
An Nordrhein-Westfalen waren e Sonndeg Kommunalwalen, mat dräi kloren Tendenzen. D'SPD verléiert, d'CDU gewënnt, mä richtege Vainqueur ass d'AfD.
D’Alternative für Deutschland konnt méi wéi 9 Prozentpunkten dobäigewannen a kënnt elo op knapp 15%. D’CDU, déi stäerkste Kraaft bleift, huet ee Prozent verluer an d’SPD der méi wéi zwee, wann ee sämtlech Resultater géif cumuléieren. Déi Gréng hu 6,5 Punkte verluer an déi Lénk konnten hiert Resultat ëm 1,8% op elo insgesamt 5,6% verbesseren. Bei der liberaler FDP ass et e Minus vun 1,9% op elo 3,7%. Eng éischte Kéier dobäi war d'Bündnis Sarah Wagenknecht (BSW), wou een insgesamt 1,1 Prozent erreeche konnt.
Am Duell ëm vill Buergermeeschtesch-Poste kënnt et zu engem Ballotage. CDU an SPD hu scho wësse gedoen dass do, wou ee vun hire Kandidate géint ee vun der AfD untrëtt, ee sech géigesäiteg ënnerstëtze wäert. Dat ass de Fall zu Gelsenkirchen, zu Duisburg an zu Hagen. Zanter 1994 waren iwwregens bei Gemengewalen an NRW net méi sou vill Leit wiele wéi e Sonndeg. D’Walbedeelegung louch bei bal 57%.