Déi ukrainesch Passagéiermaschinn, déi iwwer dem Iran ofgeschoss gouf, soll vun direkt zwou Rakéite getraff gi sinn.

Dës wieren am Ofstand vun 30 Sekonne fortgeschoss ginn.

D'New York Times bericht dat um Mëttwoch an huet och an deem Sënn e Video publizéiert.

176 Mënsche ware jo ëm d'Liewe komm. Teheran hat virun e puer Deeg zouginn, datt de Passagéierfliger iertemlecherweis erofgeschoss gouf.