© AFP
De neiaartege Corona-Virus, deen zu schwéieren Otemwee-Erkrankungen féiert, huet a China bis ewell zu 9 Doudesfäll gefouert.
Weltwäit huet de Virus scho 17 Mënschen d'Liewe kascht, eleng e Mëttwoch goufen et 11 Doudesfäll.
Bal 500 Leit hätte sech mëttlerweil mam Virus infizéiert, heescht et vun de chineeseschen Autoritéiten.
D'Weltgesondheetsorganisatioun WHO kënnt haut zu Genf fir eng Krisesëtzung beieneen. Méiglech ass, dass en internationalen Noutstand ausgeruff gëtt, well de Virus vu Mënsch op Mënsch iwwerdrobar ass.
En éischte Fall ausserhalb vu China gouf och en Dënschdeg festgestallt, nämlech bei engem Mann an den USA, dee kuerz virdrun aus China koum. Bei senger Réckrees hätt hie keng Symptomer gehat, wier awer fir eng Kontroll an d'Spidol gaangen. De Mann wier an engem gudde gesondheetlechen Zoustand an et géif just ee klenge Risk bestoen, aner Leit ugestach ze hunn.
D’EU-Kommissioun huet iwwerdeems scho wëssen gedoen, dass een op e méiglecht Ausbreede vum Virus an Europa preparéiert wier a séier Géigemesuren kéint an d’Weeër leeden. D'Weltgesondheetsorganisatioun ass aktuell dobäi, d'Situatioun z'evaluéieren. Et ass méiglech ass, datt en internationalen Noutstand ausgeruff gëtt.