De Coronavirus verbreet sech an Europa an d’Suerge klamme weider. 11 Stied an Uertschafte goufen am Norde vun Italien a Quarantän gesat.

Mëttlerweil si 7 Mënschen an Italien um Virus gestuerwen, d'Zuel vu neien Infektiounen ass op iwwer 230 geklommen. D'Autoritéiten hunn iwwer 200 Fäll confirméiert. Dowéinst goufen eng Partie ëffentlech Veranstaltungen annuléiert, dorënner de Karneval zu Venedeg.

Beim 5. Doudesaffer handelt et sech ëm en 88 Joer ale Mann, deen an der Lombardei gestuerwen ass. Dës Regioun an Italien ass am stäerkste vum Coronavirus betraff. Wéi et heescht, wieren den Ament 23 Persounen op der Intensivstatioun. All Mënschen, déi an Italien um neie Virus gestuerwe sinn, sollen eeler Leit gewiescht sinn, sot den Angelo Borrelli.

Och wa sech de Coronavirus staark verbreet, plangt déi italienesch Regierung zur Zäit keng Fermeture vun de Grenzen.

Hei zu Lëtzebuerg hu mer op Nofro hi vum Gesondheetsministère matgedeelt kritt, datt d'Evolutioun vu ganz no gekuckt gëtt a Mesuren eventuell kéinten a Kraaft gesat ginn. Dat awer réischt no Analys vum europäeschen Zenter fir Krankheeten a Preventioun. Et gëtt zu Lëtzebuerg nach ëmmer kee Fall ze mellen, heescht et weider. D'Europaschoul an d'International School dogéint hunn d'Schüler, déi aus Géigenden zeréckkommen, wou de Virus verbreet ass, opgeruff, réischt 14 Deeg no hirem Retour zeréck an d'Schoul ze kommen.

Griicheland huet Precautiounsmesuren decidéiert. Am Iran goufen iwwerdeems e Méindeg de Moie 50 Doudeger wéinst dem Coronavirus eleng an enger Stad gemellt. D'chinesesch Autoritéiten hunn hirersäits de Verkaf an de Verbrauch vu wëllen Déiere verbueden.

Zuch aus Italien un der Grenz zu Éisträich stonnelaang gestoppt

E Sonndeg den Owend koum d'Meldung, dass een Zuch aus Italien kuerz virun der éisträichescher Grenz gestoppt gi wier.

An Europa ass de Virus mat de sëllege confirméierte Fäll an Italien jo lo definitiv ukomm.

Éisträich hat e Sonndeg den Owend den Zuchtrafic mat Italien zäitweis komplett gespaart. Et war de Verdacht opkomm, dass zwou Persounen, déi Féiwer haten, méiglecherweis mam Coronavirus infizéiert kéinte sinn, wat sech awer net sollt confirméieren. Mëttlerweil leeft den Zuchverkéier nees normal.

D’Zuel vun Doudegen duerch de Coronavirus ass a China staark an d’Luucht gaangen. Déi national Gesondheetskommissioun zu Peking schwätzt vu weideren 150 Fäll – dat ass méi wéi bis ewell pro Dag registréiert gouf.