Tierkei fuerdert Atomgespréicher mat USATrump drängt den Iran zu Verhandlungen iwwer Atomofkommes an dreet mat militärescher Gewalt

AFP
Virun e puer Deeg hat den Trump jo annoncéiert, eng "riseg Flott" vun der US-Arméi an d'Golfregioun wëllen ze schécken, déi sech "fir de Fall vun de Fäll" prett hale soll.
US-Präsident Donald Trump hat den Iran zu Verhandlungen über ein Atomabkommen gedrängt und anderenfalls mit militärischer Gewalt gedroht. Es sei zu hoffen, dass Vertreter Teherans rasch an den Verhandlungstisch kämen.
US-Präsident Donald Trump hat den Iran zu Verhandlungen über ein Atomabkommen gedrängt und anderenfalls mit militärischer Gewalt gedroht. Es sei zu hoffen, dass Vertreter Teherans rasch an den Verhandlungstisch kämen.
© US NAVY/AFP/Archiv

Et wier ze hoffen, dass Vertrieder aus Teheran séier un de Verhandlungsdësch kommen, fir iwwer e gerecht an equilibréiert Ofkommes ze beroden, erkläert den Donald Trump e Mëttwoch op senger Onlineplattform Truth Social. Den US-President huet mat militärescher Gewalt gedreet, falls den Iran deem net nokéim “an d’Zäit géing knapp ginn”. Hien hätt dëst schonn emol gefuerdert, Teheran hätt awer keen Deal mat him ofgeschloss an du wier “d’Operatioun Midnight Hammer” komm, eng riseg Zerstéierung vum Iran. Deen nächsten Ugrëff wäert “vill méi schlëmm” ginn. Bei der Operation Midnight Hammer” hat d’US-Arméi wärend dem Krich vun 12 Deeg tëscht Israel an dem Iran am Juni 2025 iranesch Atomanlage bombardéiert.

Den tierkeschen Ausseminister huet Washington iwwerdeem dozou opgeruff, Atomgespréicher mam Iran nees opzehuelen. “Et ass falsch, den Iran unzegräifen. Et ass falsch, de Krich nees unzefänken”, sou den
Hakan Fidan, den tierkeschen Ausseminister Al-Dschasira géigeniwwer. “Mäi Rot un eis amerikanesch Frënn war ëmmer: Maacht d’Akte mat den Iraner een nom aneren zou. Fänkt mat der Atomfro un a schléisst of. Dono geet et da weider mat den aneren Dossieren.

Virun e puer Deeg hat den Trump annoncéiert, eng “riseg Flott” vun der US-Arméi an d’Golfregioun wëllen ze schécken, déi sech “fir de Fall vun de Fäll” prett hale soll. De Fligerdréier “USS Abraham Lincoln” huet der US-Arméi no d’Regioun schonn erreecht.

Washington hat no der brutaler Repressioun vun de jéngste Protester am Iran en neie Militärschlag géint d’Land net ausgeschloss. Bei de Protester solle jo dausende Leit ëm d’Liewe komm sinn, zéngdausende Leit goufe festgeholl.

D’Tierkei, dat jo NATO-Member ass, deelt eng ronn 530 Kilometer laang Grenz mam Iran an huet sech scho méi dacks géint Militärasätz géint déi Islamesch Republik ausgeschwat. An de leschte Wochen hat de President Recep Tayyip Erdogan d’Onrouen am Iran als “neien Test” fir Teheran bezeechent an erkläert, d’Tierkei géif “sech all Initiativ widdersetzen”, déi d’Regioun an de Chaos stierze géif.

Back to Top
CIM LOGO