
Amazon baut weltwäit weider 16.000 Aarbechtsplazen of. Dëst ass schonn déi zweet Kënnegungswell bannent nëmmen dräi Méint. Grond dofir wier, datt wärend der Covid-Pandemie ze vill Leit agestallt goufen. Derbäi kéim, datt fir ëmmer méi Aufgabe kënschtlech Intelligenz benotzt gëtt. Alles an allem sollen eng 30.000 Bürosjobs ewechfalen. Dat si ronn 10 Prozent vum Personal an der Administratioun.
Am Oktober hat Amazon jo schonn annoncéiert, wëlle 14.000 Plazen ze sträichen. Et sollen “Hierarchie-Stufe reduzéiert, Eegeverantwortung gestäerkt a Bürokratie ofgebaut ginn”, erkläert d’Spëtzt vum Betrib e Mëttwoch an enger Matdeelung un d’Mataarbechter.
Och hei zu Lëtzebuerg sollen an deem Kader e puer honnert Aarbechtsplazen ewechfalen. Op Nofro bei Amazon krut RTL dës Äntwert vun engem Porte-parole vun Amazon: “This global announcement does not have any additional impact for Amazon in Luxembourg beyond the organizational changes already communicated in December. Luxembourg remains central to our European business. We continue investing in our teams, enhancing local services, deepening community connections and our focus stays firmly on delivering exceptional experiences for our customers.”