PortugalZuel vun den Doudesaffer nom Stuerm "Kristin" klëmmt op op d'mannst véier

RTL mat AFP
De Stuerm "Kristin" ass an der Nuecht op e Mëttwoch iwwer Portugal gezunn. Op d'mannst véier Leit si gestuerwen a vill Stéit hu kee Stroum.
A picture taken on January 28, 2026 shows a tree branch fallen on a kiosk in Lisbon after storm Kristin hit Portugal.
© AFP

An der Regioun ronderëm Lissabon an am Zentrum vum Land huet d’Wieder op d’mannst véier Mënscheliewe kascht. Dat geet aus dem rezentste Bilan vun de Secouristen ervir.

An engem Aussebezierk vu Lissabon, Vila Franca de Xira, koum eng Persoun ëm d’Liewen, wou e Bam op hiren Auto gefall ass. Zu Monte Real am Distrikt Leiria ass eng weider Persoun gestuerwen, nodeems si vun enger “metallener Struktur” getraff gouf. Déi zwee aner Affer, déi e Mëttwoch den Owend gemellt goufen, sinn an der Gemeng Leiria fonnt ginn. Eng Persoun huet op engem Chantier een Häerzstëllstand erlidden, wärend eng aner dout ënnert de Ruine vun engem Haus fonnt gouf.

Duerch d‘Donnerwieder ass donieft och e gréissere materielle Schued entstanen. Méi wéi 800.000 Stéit haten zäitweis kee Stroum, antëscht si vill Gebaier awer nees um Netz. De Stuerm “Kristin” ass hënt mat Wandspëtzte vu bis zu 150 Kilometer iwwer d‘Land gezunn. Et gouf Iwwerschwemmungen, Äerdrutschen a blockéierte Stroossen duerch Beem, déi ëmgefall sinn. Eleng en der Nuecht haten d‘Rettungsekippen schonn eng 1.500 Asätz.

Op enger Pressekonferenz sot déi stellvertriedend Leederin vun der nationaler Asazzentral, d’Schied kéinten nach net genee beziffert ginn: “Wéinst dem Ausmooss vum Phenomeen wäert et eng Zäit daueren, bis déi endgülteg Schied festgestallt kënne ginn.”

Back to Top
CIM LOGO