
E Wanderer huet e Mëttwoch an Australien mënschlech Iwwerreschter fonnt. Dat wéi hien no der belscher Staatsbiergerin Celine Cremer gesicht huet, déi 2023 op der Insel Tasmanien verschwonne war.
D’australesch Police huet d’Famill vun der Fra informéiert. Eng forensesch Analys soll elo klären, ob et sech bei den Iwwerreschter ëm déi vermësste Fra handelt. Beim Wanderer, deen Iwwerreschter fonnt huet, soll et sech der Police no ëm e Mann handelen, dee sech fräiwëlleg der Sich no der Fra verschriwwen huet.
Déi 31 Joer al Fra aus der Belsch war den 20 Juni 2023 zu engem Spadséiergang ronderëm d’Philosopher’s Falls opgebrach a gouf duerno net méi gesinn. Déi offiziell Sich no hir gouf dräi Wochen drop, am Juli 2023, agestallt. D’Police hat deemools matgedeelt, dass si dat kaalt an naasst Wieder net hätt kéinten iwwerlieft hunn.