740 Milliounen Euro Schued bis eloIwwer 1.000 Persoune goufen no Äerdrutsch op Sizilien evakuéiert

AFP, iwwersat vun RTL
David Winter
"D'Situatioun verschlechtert sech, well weider Ofbréch verzeechent goufen", sou de Buergermeeschter Massimiliano Conti.
© ROSARIO CAUCHI/AFP

No engem Äerdrutsch am Süde vun der italieenescher Insel Sizilien sinn iwwer 1.000 Leit evakuéiert ginn. Op enger Längt vu véier Kilometer war an der Stad Niscemi no heftegem Reen e Sonndeg en Hang gerutscht, e puer Haiser sinn den Autoritéiten no e Méindeg geféierlech no un d’Ofbroch-Kant geroden. Den italieeneschen Zivilschutz huet all d’Bewunner am Ëmkrees vu véier Kilometer evakuéiert, Doudesfäll oder Blesséierter goufe bis ewell net gemellt.

Iwwer 1.000 Persoune goufen no Äerdrutsch op Sizilien evakuéiert
“D’Situatioun verschlechtert sech, well weider Ofbréch verzeechent goufen”, sou de Buergermeeschter Massimiliano Conti regionale Medie géigeniwwer.

“D’Situatioun verschlechtert sech, well weider Ofbréch verzeechent goufen”, sou de Buergermeeschter Massimiliano Conti regionale Medie géigeniwwer. Videoen déi e Méindeg gemaach goufen, weise wéi e weideren Deel vum Hang ofbrécht, wouduerch e Gebai dat scho beschiedegt war, den Hang erofgefall ass. Eng Strooss déi drënner läit, ass duerch d’Mass u Steng a Buedem komplett blockéiert. D’Schoulen an der Stad sinn dann och e Méindeg zou bliwwen.

Déi südlech Küst vu Sizilien war d’lescht Woch vun engem Stuerm getraff ginn, dee Stroossen a Gebaier beschiedegt huet. De sizilianesche Regionalpresident Renato Schifani schätzt, dass d’Schied déi bis elo entstane sinn sech op ronn 740 Milliounen Euro chiffréieren dierften.

Back to Top
CIM LOGO