Ëmmer nees e SujetFirwat ginn Ex-Ministeren nach Premier Conseiller du gouvernement?

François Aulner
Et ass ëmmer erëm e "sujet qui fâche": E Minister, deen demissionéiert, kritt nach séier e Poste fir héije Beamten.
D’Chambre des Députés um Stater Krautmaart
© Chambre des Députés

Dat war elo mam Georges Mischo de Fall, deen am Dezember als Aarbechtsminister démissionnéiert huet an dëse Mount Députéierte gouf. Hie gouf fir 7 Joer zum 1er Conseiller du Gouvernement genannt. A wéi engem Ministère, steet am entspriechenden Arrêté Grand-ducal net.

Firwat ginn Ex-Ministeren nach 1er Conseiller du gouvernement? / François Aulner

D’Nominatioun vum Georges Mischo als héije Beamten ass wéi gesot näischt Neits?

Nee. No de Walen 2023 an dem annoncéierte Regierungswiessel - mam Out vun LSAP a Gréng - waren d’Ministere Paulette Lenert, Georges Engel a Joëlle Welfring och zu 1er Conseillers genannt ginn. 2013, beim Out vun der CSV, waren et de Claude Wiseler an d’Octavie Modert. Hei handelt et sech ëm fréier Beamten, déi hire Statut vu Staatsbeamten opginn hunn ewéi se an d’Regierung komm sinn. Se kréien en also souzesoen zeréck wa se aus der Regierung nees austrieden.

Woubäi lo wichteg ze soen ass: déi fréier Ministere schaffen elo net als Beamten, mee sinn Deputéiert. Béides ass nämlech laut Gesetz inkompatibel.

Ma firwat dann d’Nominatioun als Beamten?

Ma well e Beamten, deen Deputéierte gëtt, kritt seng Pei als Deputéierten, ronn 9.000 Euro (hallef besteiert) plus Jetone fir Presenzen a Chamberkommissiounen a Plenièren, mee donieft en Traitement d’attente, deen op en Deel vun der leschter Pei berechent gëtt. Bis déi nächst Chamberwale kréien déi Ex-Ministeren, déi 1er Conseiller gi sinn, nach emol eng 9.000 - 10.000 Euro dobäi.

Am Fall vum Georges Mischo hätt hien ouni d’Nominatioun “just” d’Deputéierte-Gehalt kritt, well hien net méi Turnproff ass. Deen Traitement d’attente ass net ze verwiessele mam Traitement d’attente fir Ex-Ministeren, deen op 2 Joer limitéiert ass. Béid kënnen och net cumuléiert ginn.

Et ass also näischt Neies an awer kann een novollzéien, wa Leit gereizt sinn

Selbstverständlech. En Argument fir Politiker gutt ze behandelen ass: wie géing nach Politik maachen, wann hie professionell a finanziell dofir bestrooft gëtt oder op d’mannst net belount gëtt? Wann ee bedenkt, wéi vill ëffentlecher Kritik een ausgesat ass. Ewéi lo an dësem Fall. Zu Recht zwar kann ee soen.

Ma d’Politik weess dat an dowéinst schafft d’Chamber weider drun, fir de Statut vum Deputéierten ze moderniséieren. Et ass allerdéngs eng schwiereg a komplex Aufgab, notamment well Mandater kënne cumuléiert ginn.

Geléngt eng Modernisatioun net, wäerte mer wärend dem Walkampf de Politiker dat ënner d’Nues halen a fir d’X. Kéier froen, ob Regierungsmemberen, Deputéiert a Membere vum Staatsrot net misste voll besteiert ginn.

Dofir gëtt et fir Politiker awer e Bewäertungssystem an deen heescht: Walen.

Liest zu dësem Sujet och hei:

Back to Top
CIM LOGO