Si fuerdere besser Aarbechtskonditiounen a méi Pai. Zu Paräis waren eng 18.000 Mënschen an de Stroossen.

Dorënner waren awer och Leit déi randaléiert hunn. 31 Persounen goufe festgeholl.

D'Interventioune vun der Police bei de Manifestatioune vum Fleegepersonal suerge fir Polemik. Videoe weise wéi Polizisten eng Infirmière mat den Hoer iwwert de Buedem zéien an da festhuelen. D’Police seet d’Fra, déi wärend der Kris geschafft huet an de Virus hat, hätt mat Géigestänn op Poliziste geheit.