Lonkecher TraditiounsbetribFirmerettung duerch Crowdfunding

Maurice Fick
Ryck Thill
Eng vun de groussen Traditiounsadressen am franséische Konschthandwierk sicht ënner wirtschaftlechem Drock nei Weeër, fir hir Zukunft ze sécheren, a setzt dobäi op d’Ënnerstëtzung vum Public.
Firmerettung zu Lonkech duerch Crowdfunding
Eng vun de groussen Traditiounsadressen am franséische Konschthandwierk setzt op Crowdfunding, fir seng Zukunft ze sécheren.

D’Manufacture Émaux de Longwy ass eng vun de groussen Traditiounsadressen am franséische Konschthandwierk. Mee no méi wéi zwee Joerhonnerten Existenz steet d’Entreprise haut virun hirer wichtegster Etapp. Ënner wirtschaftlechem Drock sicht d’Manufaktur nei Weeër, fir hir Zukunft ze sécheren – a setzt dobäi op d’Ënnerstëtzung vum Public.

Hir Kreatioune ginn an d’ganz Welt exportéiert. D’Manufacture des Émaux de Longwy ass e renomméierten Traditiounsbetrib. Zanter 1798 ginn hei faarweg, emailléiert Keramike produzéiert, alles vun Hand. Wéinst der aktueller wirtschaftlecher Situatioun lafen d’Geschäfter awer net méi esou gutt ewéi fréier. D’Entreprise steet kuerz virun der Faillitte.

“L’urgence pour la manufacture c’est qu’il faut qu’on réunisse d’ci le 19 février, qui est la date de l’audience du Tribunal de Commerce, la somme de 1 million d’'euros pour assurer finalement les 10 prochaines années de la manufacture”, erkläert den Martin Pietri, Präsident vun der Entreprise.

Kuerz viru Chrëschtdag ass d’Direktioun un d’Ëffentlechkeet gaangen. Et wëllt ee mat Crowdfunding d’Firma retten. D’Initiativ huet all Erwaardungen iwwertraff. Aus ganz Frankräich si Suen erakomm.

“On est au-dessus de 500.000 Euro et je pense qu’on a toutes les chances d’ici fin janvier de dépasser les 600.000 ou 700.000 Euro, c’est vraiment incroyable”, esou de Präsident.

Do dernieft ginn och nach 7.000 Parten an d’Vente. Iwwert dee Wee sollen op d’mannst 315.000 Euro rakommen. Suen déi ee brauch, fir datt d’Geriicht d’Rettung vun der Entreprise akzeptéiert.

Back to Top
CIM LOGO