
Den internationalen Stolkonzern ArcelorMittal envisagéiert eng weider Verlagerung vun dausende Aarbechtsplazen vun Europa an Indien. Bei enger ausseruerdentlecher Betribsversammlung huet d’Direktioun e Donneschdeg den Start vun enger “Analysephas” fir “eng massiv Verlagerung vu Support-Funktiounen (IT, Logistik, Maintenance asw.) an allen europäeschen Filialen vum Konzern” an Indien ugekënnegt. Lescht Fréijoer hat ArcelorMittal Europa scho eng éischte Kéier eng Welle vu Verlagerunge bekannt ginn.
An engem Communiqué un d’Noriichtenagence AFP huet d’Entreprise erkläert, si géif “d’Méiglechkeet préiwen, de Projet fir d’Ëmgestaltung vun de Support-Funktiounen auszebauen, fir d’Aktivitéiten, déi aktuell op vill Standuerter an Europa verdeelt sinn, ze optimiséieren an ze standardiséieren“. Deemno si potenziell méi wéi 5.600 Employéen a 20 europäesche Länner betraff. Arcelor Mittal no beschäftegt de Betrib ronn 48.500 Leit an Europa, dovun 9.100 an Däitschland.