Wéi ass d’Situatioun wéinst Corona an den Uni-Stied?
Anescht wéi bei der éischter Well hu sech munch Studenten dofir entscheet, dës Kéier hire Studium net vu Lëtzebuerg aus weiderzeféieren.
Mä si sinn trotz de strenge sanitäre Mesuren an hiren Uni-Stied bliwwen.
Claudia (20 Joer) - Medezin-Studentin zu Nanzeg (F)
No sengem éischte Joer op der Universitéit zu Lëtzebuerg huet d’Claudia sech dofir entscheet, säi Studium an der Medezin elo zu Nanzeg weiderzeféieren. Matzen an der Pandemie ze plënnere war fir hatt mat déi gréissten Erausfuerderung. Ma der Studentin war et wichteg, elo an d’Selbstännegkeet iwwerzegoen a sech e Liewen am Hexagon opzebauen, souwäit wéi méiglech. Den Ament ass Frankräich nees zréck am Confinement wéinst den héijen Infektiounszuelen, sou datt d’Coursë fir d’Claudia och komplett online ofgehale ginn. Suerge mécht et sech awer vrun allem doriwwer, wéi et mat der Praxis wäert ausgesinn, déi elo an noer Zukunft op et duerkomme sollt. Grad an deem Studium wier Praxis essentiell an d’Angscht, datt déi Erfarung wéinst der ugespaanter Situatioun am medezinesche Beräich verflitt, ass grouss.
Julia (21 Joer) - Medien & Musikmanagement-Studium zu Berlin (D)
D’Julia ass den Ament am 5. Semester vu sengem Studium an der däitscher Haaptstad: Praxissemester. Allerdéngs leeft seng Beruffserfarung bei Universal Music net esou, wéi hatt se sech eigentlech gewënscht hätt. D’Studentin ass nämlech den Ament komplett am Home Office, well och Däitschland huet seng Covid-Mesurë verschäerft. Aus senger WG schafft et deemno all Dag op Distanz. D’Entreprise géif et och esou gutt ewéi nëmme méiglech abannen, ma et gëtt awer och zou, datt d’Distanz d’Kommunikatioun an den Echange net onbedéngt vereinfacht. E Léierprozess, deen deemno net ënnert idealen Ëmstänn stattfënnt. "Mir gëtt meng Zäit hei geklaut", erkläert d’Julia eis och am Interview. Berlin hätt säi Flair verluer an deemno géif déi jonk Lëtzebuergerin den Ament doriwwer nodenken, méi laang ewéi geplangt an der Hip-Metropole ze bleiwen. E Choix, deen him net einfach fält, ënnert anerem, well et seng Famill duerch déi ganz Situatioun och 10 Méint laang net gesinn huet.
Laura (19 Joer) - Studentin an den "sciences économiques" zu Bréissel (B)
D’Laura kennt de Corona-Alldag schonn aus der Siicht vum Primaner. Elo huet et leider och missten d’Erfarung maache vum éischte Joer Uni an Zäite vun der Pandemie. Keng einfach Situatioun, fir Fouss ze faassen an enger Stad, déi een net kennt, a wou een eleng wunnt. Well och wann uganks d’Coursen deels op der Uni selwer stattfonnt hunn, sou war de Kontakt mat anere Studenten dach nëmme ganz schwéier méiglech - Social distancing obligé! Mam Couvre-feu an der Fermeture vun all net essentielle Geschäfter ass d’Situatioun elo sécher net méi einfach. Trotzdeem ass et der Studentin wichteg, dat Bescht aus der Situatioun ze maachen a sech nawell zu Bréissel selwer duerchzeboxen. D’Liewen als Student an de Léierprozess an d’Selbststännegkeet, deen derzou gehéiert, wier him immens wichteg. Dofir och de Choix, an der belscher Haaptstad ze bleiwen an net zréck an d’Elterenhaus op Lëtzebuerg ze kommen.
Christine (22 Joer) - studéiert Sproochewëssenschaften zu Innsbruck (AT)
Bei der éischter Well vun der Corona-Pandemie am Mäerz war zu Innsbruck eng gewësse Panik ausgebrach. Nodeems de Lockdown annoncéiert gouf, hunn d’Leit a Panik hir Saachen zesummegepaakt an hunn Innsbruck verlooss. Dat huet och d’Christine deemools gemaach. Dës Kéier awer huet et sech dofir entscheet, do ze bleiwen. D’Situatioun wier keng einfach, vrun allem, well et eleng wunnt an de Social distancing ganz streng gereegelt ass. Elo, wou och den Horesca-Secteur zu Innsbruck zougemaach gouf an et e Couvre-feu vun 20 Auer u gëtt, ass se sécherlech net méi einfach. D’Coursë si fir d’Studentin den Ament och komplett op online geswitched an aus senger Siicht géif sech esou lues och eng gewësse Frustratioun breet maache bei de Studenten. Et wier ee beméit, un déi Rentrée erugaangen an jiddereen op der Uni hätt Efforte gemaach, fir sech un d’Reegelen ze halen, wat awer leider e weidere Lockdown net verhënnert huet. Och hatt versicht d’Situatioun mat enger positiver Astellung unzegoen, a fokusséiert sech den Ament op Léieren a Sport. Nawell hofft och d’Christine, datt ee geschwënn wéinstens erëm Presenzcoursen op der Uni kann hunn.