Den Oberbürgermeister vun Tréier Wolfram Leibe huet gëschter am Numm vun der Stad Merci gesot fir d'Hëllefsbereetschaft bannent a baussent Tréier.

D'Leit géifen zesummenhalen.

Iwwer 200 Messagen aus aller Welt hätt een an der Gemeng kritt. Um Spendekont fir d'Affer si schonn iwwer 100'000 Euro zesumme komm.

220 Zeien hu sech bis ewell gemellt. Iwwer 100 Fotoen a Videoe krut d'Police geschéckt.

5 Mënsche si jo gestuerwen wéi leschten Dënschdeg e Mann mat engem Jeep duerch d'Foussgängerzon zu Tréier gefuer ass. 18 Persoune goufe blesséiert. E puer dovunner wieren nach a Liewensgefor.