Interview mam armeneschen Ambassadeur zu Lëtzebuerg
De Krich ëm Nagorno-Karabach ass offiziell eriwwer.
D'Mënscherechtsorganisatioun "Human Rights Watch" awer mellt weiderhi Krichsverbrieche vun Aserbaidschan géint armenesch Zaldoten a Gefaangenschaft.
Eng international Enquête gëtt et net an et ass héchst onwarscheinlech, datt déi Responsabel dofir enges Daags Verantwortung wäerte misse droen. Vun enger normaliséierter Situatioun am Südkaukasus kann een net ausgoen.
De Petz Bartz hat d'Geleeënheet, doriwwer mam fir Lëtzebuerg zoustännegen armeneschen Ambassadeur ze schwätzen.
D’Biller si gräisslech. Russesch Journalisten hunn um Wee an déi armenesch Stad Shushi a Nagorno-Karabakh, um éischten Dag vun der Wafferou am November, d’Kamera einfach lafe gelooss. Laanscht d’Strooss leien déi stierflech Iwwerreschter vun deenen, déi bis op d’Lescht probéiert haten, d’Schlësselpositioun nach ze halen. Vill armenesch Zaldote sinn deemools awer och a Gefaangenschaft geroden a si bis haut systemateschen Humiliatiounen ausgesat. Déi fragil Wafferou hält den Ament, mee fir de Konflikt gëtt et keng Léisung. 2.000 russesch Friddenstruppe verhënneren, dass déi zwou Konfliktparteien op en Neits uneneegeroden. Mee si sinn och net ëmmer iwwerall. Bis zu 50.000 ethnesch Armenier sinn aus Stepanakert, der Haaptstad vu Nagorno-Karabakh, an Armenien geflücht. Den Aserbaidschan wëllt verhënneren, dass se zréckginn an hir Heemecht. Deenen, déi bliwwe sinn, blitt dacks Revanche.
De Gewënner ass virun allem och d’Tierkei. Den Erdogan stoung net zoufälleg op gläicher Héicht nieft dem Aliyev, fir zu Baku d’Victoire ze feieren. Natierlech huet den Aserbaidschan elo ee gudden Deel Territoire zréck, mee ee wesentleche Punkt vun där vu Moskau ausgehandelter Wafferou betrëfft guer net Nagorno-Karabakh, mee Armenien selwer, an zwar de Nakhchivan-Korridor. Armenien verléiert déi voll Kontroll iwwert seng Grenz zum Alliéierten Iran an ass méi isoléiert wéi virdrun an d’Tierkei kritt vollen Zougank zum Kaspesche Mier an doriwwer eraus bis bei d’Koséngen aus Turkmenistan.
Zu Yerevan an Armenien ass de Premier Nikol Pashinyan duerch de verluerene Krich politesch ënner Drock geroden. D’Oppositioun verlaangt säi Récktrëtt a plangt fir d’nächst Woch e Generalstreik. De ganze Konflikt am Südkaukasus war, alt erëm eng Kéier, keng Stärstonn vun enger eenheetlecher europäescher Aussepolitik.