A Portugal gëtt d'Euthanasie legaliséiert

Géint d'Legaliséiere vun der Euthanasie gouf zu Lissabon demonstréiert. / © AFP
D'Parlament huet de Gesetzprojet mat 136 Stëmmen, géint 78 Mol Neen a 4 Enthalungen ugeholl.
Domadder ass dat kathoulesch gepräägte Land de véierten EU-Memberstaat, no der Belsch, Holland a Lëtzebuerg, deen Euthanasien net méi bestrooft. Dat neit Gesetz soll sech op portugisesch Staatsbierger mat Wunnsëtz a Portugal limitéieren. D'Demande vun enger stierweskranker Persoun, fir hirem Liewen en Enn ze setzen, muss vu méi Dokteren an engem Psychiater validéiert ginn. Eng weider Barrière ass, datt en Dokter kuerz virun der Euthanasie a Presenz vun Zeie sech nach emol driwwer assuréiere muss, datt de Patient wierklech net méi liewe wëll.
Den Text geet elo bei de President. De Marcelo Rebelo de Sousa, dee réischt e Sonndeg erëm gewielt gi war, gëllt als strenge Katholik an hat sech bis well nach net ëffentlech zu der Euthanasie geäussert.