Et ass en Thema, wat den Ament an der Gesellschaft vill diskutéiert gëtt.

Solle Persounen, déi géint de Coronavirus geimpft sinn, méi Rechter, méi Fräiheete wéi anerer kréien? D'Fro stellt sech ëmsou méi, nodeems privat Firme wéi den Ticketverkeefer Eventim oder och déi australesch Fluchgesellschaft Qantas hir Aktivitéite just fir Geimpfter ubidde wëllen.

Den Donneschdeg de Moien huet sech den däitschen Ethikrot zu dësem Ament géint Privileegie fir Geimpfter ausgeschwat. Dat wier zu dësem Zäitpunkt schonn eleng net méiglech, well nach ëmmer net gewosst ass, ob een de Virus nach weider gëtt, wann ee geimpft ass oder net. Wa bis kloer wier, datt een duerch eng Impfung net méi ustiechend ass, da kéint een driwwer nodenken, dëse Leit méi e grousse Spillraum ze ginn, allerdéngs nëmmen, wann dat net zu Ongerechtegkeete féiere géif. Beispillsweis dann, wann nach net jiddereen d'Méiglechkeet huet, sech impfen ze loossen. Ofstands- an Hygiènesmesurë kéinte geimpfte Leit genee sou zougemutt gi wéi deenen, déi nach net geimpft goufen.

Och wier d'Ongerechtegkeet e wichtege Punkt, sou d'Sigrid Graumann vum däitschen Ethikrot:

Sigird Graumann: "Solange noch nicht alle die Chance hatten, sich impfen zu lassen, würden viele besondere Rechte für Geimpfte als ungerecht empfinden. Es ist fraglich, ob Menschen, die keine Angst vor einer Erkrankung haben und noch gar keine Chance hatten, sich impfen zu lassen, dann noch bereit wären, die Infektionsschutzregeln einzuhalten."

Droe vum Mask an d'Ofstandsreegele wieren dem däitschen Ethikrot no keng grouss Belaaschtung. Deementspriechend sollen déi Restriktiounen och weiderhi fir geimpfte Persoune gëllen.

An der Deklaratioun heescht et awer, et kéint Grënn ginn, datt Persounen, déi géint de Covid vaccinéiert goufen, a bestëmmte Beräicher vun anere Reegele profitéiere kéinten. Zum Beispill laangfristeg an der Privatwirtschaft a kuerzfristeg a stationären Ariichtunge fir fleegebedierfteg an handicapéiert Leit. Leit, déi an Ariichtunge liewen, sollten elo schonn, soubal se vaccinéiert gi sinn, net méi vun de Kontaktlimitatioune concernéiert sinn.

Zu Lëtzebuerg goufe dëse Sujet och schonn opgegraff. Am Moment wéilt ee sech do awer net festleeën.

Xavier Bettel: "Fir eis ass et vill ze vill verfréit, dat elo kënnen ze decidéieren. Wei gesot: Prinzipiell hu mir e Problem, dass een dann eng Zwee-Klasse-Gesellschaft géif maachen, wou deen een da méi Rechter géif kréie wéi deen aneren."

D'Lëtzebuerger Ethikkommissioun wéilt an nächster Zäit zesummekommen, fir déi Froen ze diskutéieren.