Kalifornien zielt zu deenen US-Staaten dei am schlëmmsten vum Virus betraff ass. All Dag infizéieren sech eng 25.000 Menschen an et stierwen eng 500 Leit.

Besonnesch dramatesch ass d’Situatioun zu Los Angeles wou d’Klinicke voll sinn an de Gesondheetssystem komplett iwwerlaascht ass. Zu den Ursaache kéinten déi séier verbreete Variante vum Coronavirus gehéieren. De Frank Elsen huet an deem Kontext mat engem Lëtzebuerger geschwat, deen zu Los Angeles wunnt:

Am Duerchschnëtt stierft zu Los Angeles all 8 Minutten ee Mënsch un de Suitte vum Coronavirus. Ambulanze mat Covid-19 Patiente sinn dacks stonnelaang ënnerwee, ier se endlech eng Klinik mat freie Better fannen. E Problem ass dat et un Sauerstoff-Fläsche feelt, mat deene Patiente beotemt ginn. D’Infektiounszuele si rezent staark eropgaangen. E weidere Problem ass dat vill Leit d’Testresultat dacks ze spéit kréien.

D’Impfunge kommen awer méi lues virun ewéi geplangt. Ënnert anerem gouf e speziellen Impfzenter an engem ëmgewandelte Stadion opgebaut. Och Klinicken an Apdikten iwwerhuelen d’Corona-Impfen. Donieft, kann een sech an den Apdikten och géint aner Krankheeten impfe loossen.

Zënter kuerzem goufen d’Corona-Oploen zu Los Angeles gelackert. Ënnert anerem konnten net liewesnoutwenneg Butteker nees opmaachen, dorënner Coiffeuren. Donieft, kënne Restaurante mat Terrassen nees Clienten empfänken. De Michel Welter huet awer erlieft, dat an engem Akafszentrum vill Geschäfter zou waren.

Kalifornien ass zu engem Pandemie-Hotspot ginn. Vill Leit hoffen an de nächste Wochen op een Entspane vun der Corona-Situatioun.