Däitsch Regierung decidéiert landeswäit "Corona-Noutbrems"
Eng Ännerung vum Gesetz iwwer den Infektiounsschutz gesäit vir, datt Leit an Däitschland sech op Ausgangsspären an zoue Butteker mussen astellen.
Et handelt sech ëm eng Ausgangsspär tëscht 21 a 5 Auer moies an eng Kontaktbeschränkung op den eegene Stot an eng weider Persoun.
Butteker, Restauranten, Caféen sollen deemno wéi zougemaach ginn.
Dës Reegele gräifen, wann an engem Landkrees 3 Deeg hannereneen d'Inzidenz iwwer 100 läit.
Restriktioune ginn nees ofgeschaaft, wann d'Inzidenz 5 Deeg ënner 100 läit.
Den Ament leie bal 80 Prozent vun allen däitsche Regiounen iwwer 100.
An Däitschland klëmmt d'Zuel vun den Intensivpatiente méi séier wéi erwaart, heescht et vun den däitschen Intensivmedeziner. D'Situatioun wier staark ugespaant an et misst sou séier wéi méiglech e strenge Lockdown kommen. Dës Noutbrems muss nach duerch Bundestag.