Konkret geet et hei ëm eng Partie Fäll aus Israel, nodeems Persoune mam Covid-19-Impfstoff geimpft goufen.

BioNTech hätt d'Informatiounen aus Israel gesinn an hätt elo weider Detailer gefrot, esou de Chef vun der Entreprise Ugur Sahin op engem Presse-Meeting an Däitschland. Et hätt ee bis ewell keng Indicen op heefeg Fäll vun dëser Häerzmuskelentzündung.

Daten aus den USA oder Däitschland hätte bis ewell keen ongewéinlecht Optriede vu sou Fäll gewisen. Onerwënschten Niewewierkunge géife reegelméisseg a grëndlech iwwerpréift ginn. Dobäi wier awer kee méi en héijen Taux u Myokarditis-Fäll festgestallt ginn.

De Weekend gouf public, dass den israelesche Gesondheetsministère Fäll vun Häerzmuskelentzündungen a Verbindung mat dem Covid-19-Impfstoff vu Biontech-Pfizer ënnersicht.

Eng virleefeg Etüd hätt "Dosende Fäll" vu Myokarditis bei iwwer 5 Millioune geimpfte Persoune gewisen, haaptsächlech no der zweeter Dosis. Dat sot den israelesche Koordinator fir d'Pandemie-Bekämpfung Nachman Ash.

Et wier aktuell nach net kloer, ob d'Unzuel vu Persoune mat Entzündunge vum Häerzmuskelgewebe ongewéinlech héich wier, an ob et en Zesummenhang mat der Impfung gëtt. Esou eppes nozeweisen, dierft sech als schwiereg erausstellen, well eng Myokarditis dacks géif ouni Komplikatiounen oflafen an duerch e sëllege Vire ka verursaacht ginn.

Op Nofro hi vun der Noriichtenagence Reuters huet Pfizer erkläert, et wier ee sech den israelesche Beobachtunge bewosst, déi gréisstendeels bei jonke Männer opgetruede wier, déi den Impfstoff vu Biontech-Pfizer kritt hunn.