D'Medikament ass dat éischt iwwerhaapt, dat sech géint d'Presenz vun de Beta-Amylois-Placken am Gehier riicht, déi d'Krankheet ausléisen.

D'Zouloossung vun der US-Medikamentenagence FDA war an engem beschleunegte Verfaren duerchginn.

An engem klineschen Test hat dat Medikament e Réckgang vum geeschtegen Ofbau bei Patiente gewisen, an enger zweeter Etüd dogéint net. A béiden Etüden awer huet d'Medikament d'Bilde vum Protein Beta-Amyloid am Gehier vun Alzheimer-Patienten reduzéiert.
Eng vun den Theorien zu Alzheimer geet dovun aus, dass d'Krankheet duerch eng iwwerméisseg Usammlung vun dësem Protein am Gehier vun eelere Mënschen ausgeléist gëtt. Gëtt et een Antikierper géint dat Protein, kéint dat eng Méiglechkeet sinn, geeschteg Fäegkeete vun de Patienten nees hierzestellen.

"Am Numm vun all deenen, déi vun Alzheimer an allen aneren Demenzkrankheete betraff sinn, feiere mir haut eng historesch Decisioun", huet den US-Alzheimerverband matgedeelt.

Den Neurolog John Hardy vum University College zu London huet d'Freed gebremst. D'Medikament hätt just "e marginaalt Notzen" a kéint nëmmen e puer ausgewielte Patienten hëllefen.

Déi lescht Zouloossung vun engem Alzheimer-Medikament war 2013. All bis elo zougeloosse Mëttelen gi géint d'Symptomer vir, net awer géint déi grondleeënd Ursaach.

Schätzungen no si weltwäit eng 50 Millioune Mënsche vun dëser form vun Demenz betraff, déi an engem Alter vu ongeféier 65 Joer ufänkt.