Referendum
Schwäizer hu sech géint e méi strengt Klimaschutzgesetz ausgeschwat

Mat dësem sollten CO2-Taxen op Fluch-Ticketen, Bensin a Mazout agefouert ginn. E kloren "Nee" gouf et fir de Verbuet vu synthetesche Pestiziden.
Hei gouf gefuerdert, datt staatlech Hëllefen nëmmen nach dierften u landwirtschaftlech Betriber goen, déi keng Pestiziden asetzen, net prophylaktesch Antibiotika ginn an d'Déieren net mat Fudder fidderen, dat aus hinne selwer hiergestallt gouf.
Breed Zoustëmmung krut dogéint en neit Anti-Terrorgesetz. Duerch dëst soll d'Schwäizer Police méi Pouvoir kréien, fir géint méiglech Attacken vir ze goen.
Am meeschte gelies