RIP
Renomméierte franséische Chirurg Jean-Michel Dubernard ass dout

© AFP
De Fransous war e Samschdeg um Flughafen zu Istanbul zesummegaangen an ass an der Suite gestuerwen.
Den Dubernard ass Enn den 90er Jore weltberüümt ginn, well et him als éischte Medezinner gelonge war, fir eng ganz Hand ze transplantéieren.
Eng medezinesch Sensatioun huet hien dunn 2005 fäerdegbruecht, mat der weltwäit éischter Gesiichtstransplantatioun.
Vun 2002 bis 2007 war hien och Deputéierten an der Assemblée nationale a war och 25 Joer laang Gemengerotsmember vu Lyon.
Am meeschte gelies