De Weltklimarot IPCC huet e Méindeg de Moien zu Genève den éischten Deel vun hirem neiste Klimarapport virgestallt.

Weltklimarot / Rep. Pierre Jans

D'Äerd wäert sech bei der aktueller Entwécklung schonn 2030 ëm 1,5 Grad Celsius am Verglach zum virindustriellen Zäitalter erwiermen - an domadder zéng Joer éischter wéi 2018 prognostizéiert gi war. Dat geet aus dem neie Rapport vum Weltklimarot ervir. Eng 230 Experten aus 66 Länner hunn dru matgewierkt.

D'Paräisser Klimaziler gesi vir, d'Äerderwiermung op méiglechst 1,5 Grad Celsius, op d'mannst awer däitlech ënner zwee Grad Celsius ze begrenzen.

Den UN-Klimaexperten no ass d'Äerderwiermung "eendeiteg" duerch de Mënsch gemaach. D'Äerderwiermung ëm 1,1 Grad Celsius zanter dem 19. Joerhonnert wär bis op e Brochdeel op de Mënsch zeréckzeféieren, heescht et nach am Rapport vun der IPCC. Virun allem d'Entwécklung an de leschte Jore wär dramatesch. D'Fuerscher argumentéieren, dass an de viregten zwou Millioune Joren d'Konzentratioun vum Kuelendioxid CO2 nach ni esou héich gewiescht dierf sinn ewéi am Joer 2019.

RTL

© AFP/Asaad NIAZI

Den UN-Generalsekretär Antonio Guterres deklaréiert d'Alarmstuf rout. Déi vun de fossillen Energië verursaacht Zäregasemissioune "sinn dobäi, eise Planéit ze erstécken", sou d'Kritik vum Guterres. Hien huet dann och gefuerdert, datt d'Sich an den Ofbau vu fossillen Energiequelle misste gestoppt ginn. Donieft missten an Zukunft erneierbar Energië subventionéiert ginn. "Wa mir eis Kräfte vereenen, kënne mir d'Klimakatastroph stoppen", sou nach de Guterres. Een dee schonn am Virfeld wousst, wat am Rapport steet, war de President vun der COP26, den Alok Sharma. De brittesche Staatssekretär huet an engem Interview mam "Observer" vun der däitlechster Warnung virum Klimawandel geschwat, déi et bis elo gouf. D’Mënschheet kéint et sech net méi leeschten, fir nach zwee, fënnef oder zéng Joer ze waarden, fir d’Paräisser Klimaziler endlech voll ëmzesetzen. D'Suitte vun der globaler Äerderwiermung wieren elo schonn däitlech ze gesinn.

Am November ass d‘COP26, also déi nächst Uno-Klimakonferenz zu Glasgow.

Klimawandel! Klimakris! Klimakatastroph?

Uechtert Welt weist sech grad, wat et heescht, wann d'Äerd sech erwiermt. Fir Klimabündnis Lëtzebuerg dierft een net méi iwwer Klimawandel schwätzen, et wier eng Kris, esou de Paul Polfer. D'Regierung misst elo strukturell Reformen ugoen.

D'Frederike Otto, Klimafuerscherin op der Universitéit zu Oxford:

An den nächste Joerzéngte wäerte weider Effete vum Klimawandel ze spiere sinn. De Mieresspigel klëmmt, Gletscher schmëlzen. Dat kënne mer elo nach bremsen a kënnen elo nach verhënneren, datt et nach méi schlëmm gëtt."

D'Wiederphenomener, wéi mer se déi lescht Méint erlieft hunn, wäerte sech heefen an och méi extrem ginn. Fir Klimabündnis Lëtzebuerg si mer net méi am Klimawandel, mä an der Klimakris, elo wier d'Politik gefuerdert fir d'Klimakatastroph ze verhënneren. No der Klimakonferenz 2015 zu Paräis gouf et groussen Optimismus bei den Ëmweltorganisatiounen. An de leschte Jore wieren zu Lëtzebuerg d'Emissiounen awer weider geklommen, bis op dat lescht Joer,wou d'Pandemie d'Emissioune reduzéiert hätt, esou de Paul Polfer vu Klimabündnis Lëtzebuerg.

Och zu Lëtzebuerg misst d'Politik elo handelen a strukturell Reformen ugoen.

De Paul Polfer:

„Mir mussen ophale mam Tanktourismus. Mir mussen ophale mat Stroosse bauen. Mir mussen ophalen d'Äerdgasnetz auszebauen.“

Wichteg wier et och, de Leit Alternativen unzebidden, beispillsweis an der Mobilitéit a beim Wunnen, och déi sozial Komponent a sozial Transferte misst een a betruecht zéien.

Reaktioun vun der Ëmweltministesch Carole Dieschbourg

Extrait Carole Dieschbourg

Greenpeace Lëtzebuerg fuerdert Regierung zum Handelen op

Greenpeace Lëtzebuerg reagéiert op de Klimarapport a fuerdert vun der Regierung, de Klimaschutz zur absolutter Prioritéit ze maachen. D'Lëtzebuerger Finanzindustrie misst ophalen, d'Klimakris ze finanzéieren an hir Investitiounen un d'Ziler vum Paräisser Ofkommes upassen, sou d'Martina Holbach vu Greenpeace Lëtzebuerg.

RTL

© AFP/CHRISTOF STACHE

Méi Naturkatastrophen an extrem Wiederkonditiounen an Zukunft

Eng aner Nouvelle am Rapport sinn Analysen iwwer extrem Wiederevenementer. D'Wëssenschaftler hu sech do op Canicullen, staark Schaueren, Dréchent an tropesch Stierm konzentréiert. All Regioun op der Welt wär vun esou Evenementer betraff. An d'Unzuel vun esou Extremen entwéckelt sech net gläichméisseg. Extrem Hëtzt um Land, déi sou staark ass, dass se am 19. Joerhonnert nëmmen 1 Mol a 50 Joer do war, gëtt et haut zum Beispill an der Moyenne all 10 Joer.

D'Äerderwiermung wäert ëmmer méi en Impakt op eis Ëmwelt hunn. Sou wäert et an Zukunft méi heefeg zu extreme Wiederkonditiounen an Naturkatastrophe kommen.