Taliban deklaréieren hir "Victoire" am Presidentepalais
E puer Stonnen, nodeems de President Ghani geflücht ass, haten d'Taliban de Presidentepalais ënner Kontroll.
Si hunn hire Fändel um Gebai opgaangen an am Büro vum President fir Fotoe poséiert. Donieft hu si virun engem Grupp vu Journalisten hir "Victoire" deklaréiert.
Ee vun de féierende Representante vum radikal-islamesche Grupp, de Mullah Baradar, wier elo den neie President vun Afghanistan, hunn d'Taliban confirméiert.
Den Ashraf Ghani huet den Afghanistan e Sonndeg verlooss. D'USA a vill aner Natioune si beméit, nach esou séier wéi méiglech hir Ambassaden ze raumen.
President geflücht, "fir Bluttvergéissen ze verhënneren"
Kuerz no senger Flucht huet sech den Aschraf Ghani op Facebook zu Wuert gemellt an erkläert, wisou hien d'Land verlooss huet. Hie hätt virun enger ganz schwéierer Entscheedung gestanen. Wier hie gebliwwen, hätten eng Abberzuel vu senge Landsleit de Märtyrerdoud erlidden an d'Stad Kabul wier zerstéiert ginn. D'Taliban hätten him no an der Vergaangenheet erkläert, dass si zu bluddegen Ugrëff bereet wieren, fir hie vu senger Positioun ze verdreiwen.
Medieberichter no wier de Ghani an den Usbekistan geflücht. Dat bericht de Sender Al Dschasira a berifft sech op e Bodyguard vum Politiker. Do virdru gouf ugeholl, dass hien am Tadschikistan Exil siche géing.
"Friddleche Muechtwiessel"
De politeschen Talibanchef, de Mullah Baradar, war e Sonndeg vun de Verhandlungen iwwert d'Muecht-Transitioun vun Doha a Qatar op Kabul an Afghanistan ënnerwee. D'Talibankämpfer an de Viruerter vun der Haaptstad hätten den Uerder kritt, an d'Stad ze goen, fir Recht an Uerdnung z'erhalen. Den Uerder wier awer och deen, fir Gewalt z'evitéieren an aus Privathaiser eraus ze bleiwen. Ausserdeem hätten d'Taliban-Leader wëlles, jiddereen aus der Stad an dem Land erauszeloossen, deen dat wëll. Well vill Leit an dëser grousser Stad liewe géifen, hätt een net wëlles, mat Gewalt oder Krich an d'Stad eranzegoen. Et wéilt ee gäre mat der anerer Säit friddlech iwwert e Betriede vu Kabul verhandelen, sou d'Taliban.
E Sonndeg am fréien Owend koumen du Berichter, datt d'Lag zu Kabul amgaang wier z'eskaléieren. D'Taliban-Kämpfer hätten de Presidentepalais ageholl. Vun der US-Ambassade huet et geheescht, datt de Fluchhafen ënner Beschoss gestanen hätt.
Ufanks goungs nach rieds doriwwer, dass eng Iwwergangsregierung ënnert der Leedung vu den Taliban sollt op d'Bee gestallt ginn. Zwee Vertrieder vun den Taliban hunn dëst allerdéngs Reuters géintiwwer negéiert a gesot, dass et keng Iwwergangsregierung wäert ginn.
Ambassadë ginn evakuéiert
Zu Kabul huet d'Washington seng iwwerdimensionéiert Ambassade gréisstendeels schonn evakuéiert, sensibel Dokumenter wiere mëttlerweil verbrannt an den Ambassadeur mat e puer Diplomate wieren um internationale Flughafe vu Kabul aquartéiert, bis och si grad wéi de ganze Corps diplomatique aus dem Land géifen erausbruecht ginn.
Chaos zu Kabul - Awunner versichen ze flüchten
Den Ament herrsche chaotesch Zoustänn um Fluchhafen an der afghanescher Haaptstad. Op Videoen ass ze gesinn, wéi Zivilisten de Site vum Fluchhafe stiermen, an der Hoffnung, aus dem Land bruecht ze ginn. Wéi Reuters mellt, wäerten 1.000 weider US-Zaldoten op Kabul geflu ginn, fir bei der Evakuéierung ze hëllefen. Am Ganze wieren eng 6.000 Zaldoten am Asaz.
Virun de Banken zu Kabul waren e Sonndeg de Mëtteg laang Schlaangen. D'Zivilpopulatioun huet probéiert, hir Konten ze raumen, fir och nach mat Zäiten aus dem Land erauszekommen.
Wéi an der Nuecht Jalalabad, ëstlech vu Kabul, méi no un der pakistanescher Grenz, gefall war, gouf kloer, dass Kabul - komplett isoléiert a just nach aus der Loft z'erreechen - den Dag net géif am Status quo iwwerstoen.
Et ass d'Gesetz vun der Sharia, dat bannent de nächsten Deeg erëm an Afghanistan wäert agefouert ginn, wat d'Zukunft soll bestëmmen. De Weste bedauert de Réckzuch vu Washington an domat dee vun der Nato, mä an den USA steet eng Majoritéit vun de Bierger hannert der Entscheedung vum President Joe Biden. Grad wéi Vietnam war Afghanistan zu engem verluerene Krich ginn, aus deem ee wollt eraus, well e war ze deier ginn. A puncto Suen, awer och a puncto Zaldoteliewen.
UN-Sécherheetsrot beréit sech e Méindeg
D'Lag an Afghanistan soll e Méindeg Sujet am UN-Sécherheetsrot sinn. Do virdrun haten Estland an Norwegen eng ausseruerdentlech Sëtzung gefuerdert. Wéi et an engem Message vun de Vereenten Natiounen heescht, wier ee weiderhi bereet, d'Mënscherechter vun den Afghanen, besonnesch déi vu Fraen a Meedercher, ze fërderen a liewesnoutwenneg humanitär Hëllef ze leeschten.