Och Lëtzebuerger Zaldote waren an Afghanistan stationéiert. Dorënner och d'Bridder Joe a Jeff Etienne, déi 2010 an 2012 do am Asaz waren.

Temoignage Zaldoten/Reportage Maxime Gillen

No 20 Joer, an deenen d'USA an hir Nato-Partner am Afghanistan engagéiert waren, Dausenden Zaldoten, déi hiert Liewen dobäi gelooss hunn an Zéngdausenden, déi am Asaz verwonnt goufen, ass dee séiere Retour fir vill aktuell a fréier Membere vum Militär schwéier z'akzeptéieren. Och Lëtzebuerger Zaldote waren an Afghanistan stationéiert. Dorënner och d'Bridder Joe a Jeff Etienne, déi 2010 an 2012 do am Asaz waren. Si sinn enttäuscht, dass déi jorelaang Aarbecht an och hire perséinlechen Asaz um Enn schéngt fir näischt gewiescht ze sinn, wéi de Joe Etienne, deen zu Kabul stationéiert war, beschreift.

„Déi Missioun, déi ech dohannen hat, dat huet am Endeffekt jo da guer keen Notze gehat. Woubäi d'Leit zwar frou waren, dass mir do waren, dass mir dat Ganzt iergendwéi a Schach gehalen hunn, mä am Endeffekt huet et jo dann trotzdeem net ganz vill bruecht. Ausser, dass ganz vill Suen drop gaange sinn.“

De Jeff Etienne war bei der éischter Sektioun derbäi, déi zu Kandahar am Asaz war, an huet do deels ganz geféierlech Situatiounen erlieft.

„Et ware Momenter derbäi, wou ee frou war, dass een dann nach zeréck an de Camp konnt fueren. Et sinn natierlech och Momenter am Ufank, am Training ass dat alles schéin a gutt a wann déi éischt bis kommen, da realiséiert een, ech sinn net méi zu Lëtzebuerg oder an der Belsch am Training, mä et knuppt dann eng Kéier richteg, dann ass dat schonn eppes anescht.“

Gläichzäiteg huet hien awer och erlieft, dass amerikanesch Kollegen, hir Asätz net iwwerlieft hunn.

"Déi sinn dann zeréck bei hir Famill geflu ginn. Natierlech an enger Këscht. Dat sinn esou Momenter, déi prägen een immens. Mir hu jo och mat deene Jonge geschwat. Du liefs mat deenen, mat verschiddene wiisst een zesummen, et kennt een sech alt mol an da bemol ass deejéinegen net méi do. Deen ass fir säi Weltfridden, fir seng Iddi, déi en hat, gestuerwen an elo gesäit een déi Biller an da freet een sech, wat dat Ganzt fir e Wäert hat.“

Den Ament verspriechen d'Taliban méi moderat wëllen ze regéieren, wéi virun 20 Joer. Bleift deemno ofzewaarden, ob den Asaz vun den USA an hiren Nato-Partner um Enn awer nohalteg eppes verännert huet.