Israel gëtt Verbrieche géint Mënschlechkeet virgehäit

© AFP/Archiv/JALAA MAREY
Am Rapport vun 280 Säite gehäit d'Mënscherechtsorganisatioun Israel Verbrieche géingt d'Mënschlechkeet vir. D'Land wiert sech awer géint déi Accusatiounen.
Rieds ass vun engem Apartheid-System géint d'Palestinenser, dat souwuel an de palestinensesche Gebidder, wéi och a ganz Israel. Déi weltwäit Kritik um Rapport ass grouss. De Generaldirekter vun Amnesty International Lëtzebuerg, den Olivier Pirot setzt de Rapport an de Kontext a seet, et géing hei net ëm eng Verurteelung goen, mee ëm eng Feststellung.
Véier an en halleft Joer gouf um Rapport geschafft. Dofir goufe sech ënner anerem Decisioune vum israelesche Gouvernement oder vu Geriichter ugekuckt. Et gouf mat Experten am internationalen Droit geschwat a Gesetzer goufen analyséiert. D'Zil vum Rapport: Eng faktebaséiert Realitéit iwwer Israel erëmzeginn, an dat aus der Optik vum internationalen Droit. Et hätt ee wéilten op eng Situatioun hiweisen, wéi se schonn zanter 70 Joer unhält, seet de President vun Amnesty international, den Olivier Pirot.
"Wat de Rapport weist, ass, datt et e Regime vun der Ënnerdréckung ass." Dat palestinensescht Vollek géing ënnerdréckt ginn, an doraus géing déi jiddesch israelesch Bevëlkerung e Virdeel zeien. Dat gouf souwuel an Israel, wei och an de besate Gebidder an ausserhalb vum Land bei palestinensesche Flüchtlinge festgestallt.
Esouwuel déi israelesch Regierung wéi och déi ganz international Communautéit misst sech der Wichtegkeet vum Sujet bewosst ginn, a gesi wéi d'Mënscherechter ënner anerem an de palestinensesche Gebidder an an Israel op eng strukturell Manéier mëssuecht ginn.
"Et gëtt den Ament eng Situatioun, déi net dem internationale Mënscherecht entsprécht. Déi dozou féiert, datt et e Verstouss gëtt am Sënn vun engem Apartheid-System. An am internationale Gesetz gëtt et eng Obligatioun fir déi Länner, déi esou ee Verstouss feststellen, ze intervenéieren."
Dofir adresséiert sech Amnesty International an éischter Linn un Israel, datt d'Land soll Mesuren huelen, datt dee Regime ophält. Ma och déi international Communautéit soll hir Kompetenzen an den nationalen an internationale Geriichter notzen, fir datt d'Mënscherechter respektéiert ginn. Doriwwer eraus gëtt nach en Embargo fir Waffeliwwerungen an Israel gefuerdert.
Amnesty international gouf bis elo vill fir hire Rapport an de Virworf vun Apartheid géint Palestinenser kritiséiert. Ënner anerem gouf der Organisatioun anti-israelesch Tendenze virgehäit. Datt d'Mënscherechtsorganisatioun kritiséiert gëtt, wier een awer schonns gewinnt, ënnersträicht den Olivier Pirot: "Mir sinn och gewinnt, datt wa mer Faite virleeën, mer attackéiert ginn. Dat soll dozou dénge Saachen ze verschleieren a vun der wierklecher Responsabilitéit ofzelenken."
Et géing iwwerhaapt net dorëm goen, eppes an iergendeen historesche Kontext ze setzen, well dat net méiglech wier, betount den Olivier Pirot. D'Wuert Apartheid géing zum Beispill just am Sënn vum Vëlkerrecht genotzt ginn. Am Rapport géing et ëm Mëssstänn goen, déi an Israel bestinn an déi missten aus der Welt geschaaft ginn.
Rapport suergt fir schaarf Kritik
De Rapport vun Amnesty International huet fir schaarf Kritik gesuergt, vun jiddeschen Organisatiounen an och vun Israel selwer.
Den israeleschen Ausseminister Yair Lapid geheit Amnesty vir, sech op Ligen ze baséieren, déi Terrororganisatioune verbreeden.
Et ass e Rapport dee just à charge ass, kritiséiert dann de President vu RIAL, enger ASBL, déi sech zu Lëtzebuerg ëm d'Recherche an d'Informatioun vun Antisemitismus këmmert. De Bernard Gottlieb seet, dat Dokument wier eng Accusatioun vu vir bis hannen a géif den Antisemitismus zu Lëtzebuerg fërderen.