35 Joer humanitär Hëllef am Afghanistan
40 Joer Krich hunn d'Mënsche markéiert. Physesch. Psychesch. Ouni international Hëllef géif de Gesondheetssystem an den 31 Provënzen zesummebriechen.
D'ONG Handicap International ass zanter 1987 um Hindukusch aktiv. 1996, deemools schonn ënnert den Taliban, huet d'ONG e Reeducatioun-Zenter zu Kandahar gebaut. Den Direkter vun Handicap International Lëtzebuerg huet sech elo e Bild vun der aktueller Situatioun op der Plaz gemaach.
80% vun der Populatioun am Afghanistan lieft mat engem Handicap. Eng erschreckend Zuel, hannert där sech Milliounen eenzel Schicksaler verstoppen. Wéi dat vum Imran.
Dee 7 Joer jonke Bouf aus der Provënz vu Kandahar huet seng zwee Been an en Deel vun der rietser Hand verluer. Beim Spille mat Munitioun zesumme mat Kolleegen op engem Hiwwel nieft sengem Duerf. Den Ament winnt sech de Bouf u seng Protheesen. Mat extreem vill Courage huet den Imran bannent nëmmen 3 Méint am Reeducatiouns-Zenter nieft dem regionalen ‘Mirwais’-Spidol vu Kandahar nees goe geléiert.
2020 huet d'ONG Handicap International iwwer 17.000 Afghane behandelt.
Zanter 1996 am Süden zu Kandahar aktiv, huet d’ONG schonn bis 2001 ënnert den Taliban geschafft. Um Ament wou d'Taliban am Juli d'lescht Joer nees d'Muecht iwwerholl hunn, hunn déi Responsabel vun Handicap International decidéiert, um Hindukusch ze bleiwen .
"Fir ons ass et extrem wichteg ze bleiwen. Ons Aarbecht virunzeféieren. Ons Entwécklungs-Projeten am Afghanistan lafen an enger laangfristeger Optik. Dofir brauche mer och eng laangfristeg finanziell Ënnerstëtzung. Mir plange souguer, ons Aktivitéiten auszebauen. Well zanter de Konflikt tëscht den Taliban an den Alliéierten am Juli op en Enn gaangen ass, mierke mir, datt méi Leit an d'Cliniquen, respektiv bei eis an d'Reeducatiouns-Zentere kommen. D'Leit hunn et elo méi einfach fir dohinner ze kommen. " sou de Medhi Magha, Direkter Handicap International Lëtzebuerg, vu Kandahar.
D’Protheese fir d'Patiente ginn op der Plaz vu lokalem Personal produzéiert. 2020 goufen där am ganze Land un eng 3.700 u Patiente verdeelt. Sou eng Prothees, respektiv eng Schinn, muss jee no Alter all 6 Méint bis e Joer frësch ugepasst ginn. D’Produktioun u sech dauert zwee bis 3 Deeg.
De Chef vum Atelier erkläert, wéi fir d’éischt en Ofdrock aus Gips geholl gëtt. An enger weiderer Phas gëtt dann d’Been, respektiv den Aarm aus Plastiks-Folien, déi erhëtzt gouf, geformt. Gelenker ginn ugepasst.
17% vun den - exklusiv - Männer, déi an der Produktioun schaffen, hu selwer en Handicap. D’Alters-Moyenne ass héich. Ee vun hinne schafft zum Beispill schonn zanter 30 Joer fir Handicap International am Afghanistan. D’ONG stellt sech den Ament op e groussen Defi an: eng nei Generatioun un Orthopeden ze forméieren
An engem weideren Atelier gi Rollstill, Rollatoren, Kretschen zesummegebaut. 9.200 goufen der 2020 an den Zenter vu Kandahar a Kunduz fir Patiente produzéiert.
Déi Responsabel vun Handicap International leeën e grousse Wäert op d’Inclusioun. E Wuert, wat den Ament ënnert den Taliban, am Afghanistan e ganz speziell Bedeitung huet.
"Fir Handicap International ass dëse Punkt ganz wichteg: Mir hëllefen de Mënschen am Afghanistan weider, ënnert der Bedéngung, datt och Fraen fir eis schaffe kënnen. Fraen, déi aner Frae fleegen", sou de Medhi Magha weider.
Vun den 362 Mataarbechter vun der ONG, virun allem lokaalt Personal, sinn der 108 Fraen. Frae ginn och vun Handicap International an engem Formatiouns-Zenter nieft deem fir Reeducatioun ausgebilt. An zwou Klasse speziell fir Fraen an där 3 fir Männer ginn handicapéiert, awer och valid Persounen op d’Beruffsliewe preparéiert. Extrem wäertvoll Formatiounen op engem Ament, wou kaum Aarbechtsplazen ugebuede ginn.
"Vill Afghanen hunn hir Aarbecht verluer. Et feelt generell un Aarbechtsplazen, och an de grousse Stied. Dat huet eng Liewensmëttel-Kris ausgeléist. Mat engem Impakt, dee méi oder manner grouss ass, ob een an der Stad oder um Land lieft. "
Eng Kris, déi Mënsche mat engem Handicap ëm sou méi trëfft. Vill Famillje kommen dacks och vill ze spéit an d’Spidol, respektiv an de Reeducatiouns-Zenter. Eleng well se net Moyenen hunn fir den Deplacement. Wat an dëse Regiounen alt e ganzen Dag an Usproch hëlt.