Lëtzebuerg ass den Ament mat 23 Zaldoten am Mali.

2 déi sech ëm d'Kommunikatioun fir d'Friddensmissioun "MINUSMA" vun de Vereenten Natiounen këmmeren an 21 Zaldoten déi sech un der europäescher Formatiounsmissioun "EUTM" bedeelegen. D'Decisioun vun de Fransousen hätt dorobber keen direkten Impakt, seet de Verdeedegungsminister François Bausch.

Lëtzebuerg wier ni un der Anti-Terror-Missioun bedeelegt gewiescht. Ma et géif awer indirekt Konsequenzen ginn. Wann d'Fransousen ginn, missten déi Aner wuel gewësse logistesch Aufgaben iwwerhuelen. Dat misst awer alles nach gekläert ginn. Donieft stellt sech och d'Fro, ob d'Konditiounen fir déi aner Asätz erfëllt sinn.

Den EU-Aussebeoptraagten Josep Borell sot en Donneschdeg zu Bréissel, d'Ausbildungsmissioun vun der Europäescher Unioun wier a Fro gestallt, wann d'Fransousen ginn an huet "Garantien" vun der malescher Regierung  gefuerdert. Experten sollen an den nächsten Deeg préiwen, ob d'Konditiounen fir d'Formatioun vun de regionalen Forces de l'ordre nach am Mali erfëllt sinn oder net.

Och Däitschland an Éisträich ënnert anerem gesinn den Asaz vun hiren Zaldoten, ouni Fransousen op der Plaz, kritesch.  Méi kritesch wéi d’Lëtzebuerger sech bis elo ausdrécken. Kloer wier, sou de François Bausch, datt d'Lëtzebuerger hir Zaldoten net eleng, mä nëmmen zesummen mat den europäesche Partner ofzitt, an engem geuerdente Kader. Dat kéint och ganz séier geschéien.

Et misst een et sech just gutt iwwerleeën ob ee de Mali sech wéilt selwer an domadder de Russen iwwerloossen, sou de grénge Verdeedegungsminister.  Et wier all Zäit extrem wichteg och fir Europa, fir Stabilitéit an der Sahelzon ze schafen.