AFP rifft d'Leit op, déi zweiwelhaft Infoen, komesch Zitater oder offensichtlech manipuléiert Fotoe fannen, se hinne per WhatsApp ze schécken.

D'Ekippe vun AFP beschäftege sech aktiv mat de verschiddenste Faktenchecken zu de verschiddensten Themen an Hannergrënn. Zesumme mat ënner anerem RTL Lëtzebuerg, déi jo och reegelméisseg Faktenchecken op Lëtzebuergesch an iwwer Lëtzebuerg mécht, ass d'AFP Member vun EDMO Belux. Hir Missioun ass et, fir séier op Desinformatiounen, déi aktuell weltwäit am Word Wide Web verbreet ginn, ze reagéieren an déi Unhand vun novollzéibare Faktenchecken ze widderleeën.