Zesumme géint Desinformatioun
EDMO BELUX, eng länneriwwergräifend Experteplattform fir d'Bekämpfung vun Desinformatioun, lancéiert éischt Aktiounen a seng Internetsäit.
EDMO BELUX (European Digital Media Observatory for Belgium and Luxembourg) ass eng Plattform fir Recherchen iwwer digital Medien an Desinformatioun. EDMO BELUX schafft a fënnef Sproochen (Franséisch, Hollännesch, Lëtzebuergesch, Englesch an Däitsch) a bréngt een Netzwierk vu méi wéi 100 Desinformatiounsexperten zesummen. Et ass ee vun aacht Projeten, déi vun der EU finanzéiert gouf, fir national a multinational Observatoirë fir d'Bekämpfung vun Desinformatioun opzebauen.
Fir d’Medien, d’Bierger an d’Regierung
Déi modern Technologien hunn dozou gefouert, datt Desinformatioun sech hautdesdaags immens séier verbreede kann. Dofir lancéiert EDMO BELUX seng éischt Aktiounen, dorënner seng Internetsäit belux.edmo.eu. Fir der Verbreedung vun Desinformatioun an der Belsch an zu Lëtzebuerg besser entgéintzewierken, ginn all Dag nei Faktenchecks a Ressourcen online an op de soziale Medie publizéiert.
Obwuel et onméiglech schéngt, all online verfügbar Informatiounen ze iwwerpréiwen, baut EDMO BELUX op staark Partnerschafte mat wichtegen Noriichteredaktiounen, déi an dem Beräich täteg sinn, dorënner AFP (Agence France Presse), RTL Lëtzebuerg an RTBF. Dës dräi Membere wäerten déi Deeler vun der Gesellschaft, déi primär vun Desinformatioun betraff sinn (Medien, Zivilgesellschaft, Regierung), erreechen, fir den Impakt vun Desinformatiounscampagnen ze minimiséieren.
Missioune vun EDMO BELUX
- Eng séier Reaktioun op Desinformatioun: Deeglech Faktenchecks, reegelméisseg Analysen a Fachkenntnesser fir déi, déi an éischter Linn mat Desinformatioun konfrontéiert sinn, a fir de Bierger ze hëllefen, d'Gefore vun Desinformatioun, d'Mëttele fir se ze bekämpfen a sachlech Informatioune besser ze verstoen.
- D'Etabléierung vun enger Informationsplattform mat wichtege Ressourcen, fir Desinformatioun an hir Auswierkunge besser ze verstoen
- Staark Netzwierker vu Journalisten, Akademiker an Experten, déi eng koherent a kollektiv Äntwert op Desinformatioun erméiglechen.
Wou kann een sech informéieren?
Op der Internetsäit belux.edmo.eu, iwwert den Twitter-Account @EDMO_BeLux an op LinkedIn ënner EDMO BELUX. Och op den 3 RTL-Websäiten ënnert der Rubrik Faktencheck (RTL.lu, 5minutes.lu an Today.lu) gi reegelméisseg Artikele publizéiert.
Wie sinn d'Membere vun EDMO BELUX?

EDMO BELUX ass eng communautéitsiwwergräifend, méisproocheg Kollaboratioun tëscht der Vrije Universiteit Brussel, der Université Saint-Louis - Bruxelles, Mediawijs, dem EU Disinfolab, Agence France-Presse, RTL Lëtzebuerg, RTBF an dem Athens Technology Center.
De komplette Communiqué vun EDMO: