Eréischt virun dräi Deeg war seng Isolatiounszäit eriwwer. Elo gouf den 79 Joer alen Demokrat eng weider Kéier positiv getest.

En Donneschdeg virun enger Woch gouf den Joe Biden eng éischte Kéier positiv getest. Doropshin hat hie sech a senger Wunneng am Wäissen Haus isoléiert a vun doheem aus geschafft. Knapps war seng Isolatiounszäit eriwwer, war säi Corona-Test nees positiv. Dofir muss den 79 Joer alen US-President fir eng zweete Kéier an Isolatioun. Wéi et vu sengem Dokter Kevin O'Connor heescht, géing et him gutt goen. De Medezinner huet op de sougenannte Rebound-Effekt verwisen, deen no enger Behandlung mam Covid-Medikament Paxlovid optriede kann.

U sech sollt hien deemnächst an d'Bundesstaaten Delaware a Michigan reesen. Béid Reese goufe vum Wäissen Haus ofgesot.

Den US-President gëllt als vollstänneg géint de Coronavirus geimpft an huet och schonn zwou Opfrëschungsimpfungen hannert sech. Hien ass den eelste President an der Geschicht vun de Vereenegte Staaten. Anescht wéi bei sengem Virgänger Donald Trump huet den Joe Biden ëmmer vill Wäert op de Respekt vun de Corona-Schutzmesurë geluecht. De Republikaner huet sech dogéint lëschteg iwwer Leit gemaach, déi e Mond- an Nueseschutz unhaten.